Radioen

On air

E-Lodie  |  Blue Lake - The Forest

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Xavier Bettel: Drëtt Rees an den Noen Osten

Zypern, Israel a Westjoranland

Xavier Bettel: Drëtt Rees an den Noen Osten

De Xavier Bettel ass zanter Méindeg fir seng 3. Rees, dëst Joer, an den Noen Osten ënnerwee. Um Wee dohi mécht den Ausseminister en Tëschestopp op Zypern. Am Nomëtteg geet et awer scho virun an d'Kriseregioun. Do stinn e Mëttwoch Entrevuen zu Jerusalem an Israel an zu Ramallah am Westjordanland um Programm.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Nieft Vertrieder:inne vun den israeeleschen a palästinensesche Regierunge gesäit de Xavier Bettel ënner anerem och eng iwwerliewend Geisel vum 7. Oktober zejoert. 

Den Noen Oste steet zanter engem décke Joer nees am Mëttelpunkt vun der internationaler Aktualitéit. Dat no der Attack vun der radikaler Palästinenserorganisatioun Hamas, de 7. Oktober d'lescht Joer, op Israel an der militärescher Äntwert vun der israeelescher Arméi dorop.

Drock fir Waffestëllstand klëmmt

Dobäi kommen déi israeelesch Interventioun géint d'Hisbollah-Miliz am Libanon an d'Attacke vum a géint den Iran. Den Noen Oste stoung dowéinst viru Kuerzem um Bord vun engem grousse regionale Krich. Den Doud vum Hamas-Leader Yahia Sinwar huet d'Situatioun u sech e bësse berouegt. Zanterhier gëtt et internationalen Drock, virun allem vun den USA, fir datt den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu alenkt an e Waffestëllstand mat der Hamas schléisst.

Déi Wafferou kéint och den eventuelle Retour vun de ronn 100 israeelesche Geiselen, déi nach ëmmer an der Gazasträif festgehale ginn, no sech zéien.

Zweestaateléisung: Xavier Bettel waart op international Dynamik

Um Mëttwochmoie kënnt de Xavier Bettel mat Vertrieder:inne vun der israeelescher Regierung zesummen an am Nomëtteg da mat Representante vun der palästinensescher, déi am Westjordanland sëtzt. Donieft sinn nach Rendez-vouse mat ONGe virgesinn, mat enger israeelescher Geisel, déi d'Hamas-Attack vun zejoert iwwerlieft huet a mat der UNRWA, dem UNO-Hëllefswierk fir palästinensesch Flüchtlingen am Noen Osten.

Souwuel am Januar wéi och am Mee hat den Ausseminister d’Zweestateléisung als eenzege Moyen fir e gerechten an dauerhafte Fridden an der Regioun ugesinn. Fir d'Unerkenne vun engem Palästinenserstaat wollt de viregte Premier op eng international Dynamik waarden. Zu Lëtzebuerg gëtt hien dowéinst vun der Oppositioun kritiséiert.

Zypern: Zesummekomme mam Comité fir vermësste Persounen

Haut geet et op der gedeelter Insel Zypern och ëm d’Schicksal vu Mënschen: De Chef vun der Lëtzebuerger Diplomatie kënnt do nämlech mam Comité fir vermësste Persounen zesummen. Dee gouf 1981 vun de griicheschen an tierkeschen Zyprioten an d'Liewe geruff, zesumme mat der UNO.

D’Zil vum Comité ass et, d’Läiche vu ronn 2.000 Leit - ronn ee Véierel tierkesch an Dräivéierel griichesch Zyprioten - ze fannen, ze identifizéieren a se hire Famillen zeréckzeginn. 1963/64 an 1974 war et op Zypern zu bluddegen Ausenanersetzungen tëschent deenen zwou Volleksgruppe komm.

Lauschterenplay_arrow