Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wirtschaftsbarometer: Vertraue vu Salariéen ass staark zeréck gaangen

Chambre de Commerce

Wirtschaftsbarometer: Vertraue vu Salariéen ass staark zeréck gaangen

D‘Klima an der Lëtzebuerger Wirtschaft ass schlecht. De Score am neiste Wirtschaftsbarometer vun der Chambre de Commerce ass ënnert de symbolesche Wäert vu 50 vun 100 gefall, e läit bei 48,9.

auto_stories

1 min

D'Chambre de Commerce publizéiert dee Wirtscahfts-Barometer 2 Mol d‘Joer. 647 Entreprisë, an deenen méi wéi 6 Salariéë agestallt sinn, hunn dës Kéier bei der Enquête matgemaach.

Hirt Vertrauen an d‘Zukunft vum Betrib oder an d‘Wirtschaft, ass deemno staark zréckgaangen. Den Undeel vun den Entrepreneuren, déi nach Vertrauen an d‘Zukunft vun der Lëtzebuerger Economie hunn, ass ëm 23 Punkte gefall. Et ass dat schlechtste Resultat zanter der sanitärer Kris. Besonnesch an der Constructioun, am HORECA-Secteur an an der Industrie wier d‘Situatioun schwiereg.