Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EIB: Gréissten Deel vu Finanzementer soll a gréng Projete fléissen

Europäesch Investitiounsbank

EIB: Gréissten Deel vu Finanzementer soll a gréng Projete fléissen

D’Europäesch Investitiounsbank huet zejoert däitlech méi Suen ewéi virdrun an d’Sécherheet an d’Defense gestach. 2024 goufe Projeten an deem Beräich an der Héicht vun enger Milliard Euro finanzéiert.

auto_stories

1 min

Europäesch Investitiounsbank | © EIB
Europäesch Investitiounsbank (Foto: EIB)

Dat ass duebel esou vill ewéi dat Joer virdrun. Et wier geplangt dee Montant am Laf vun 2025 nach eng Kéier ze verduebel, sou d’Presidentin vun der Investitiounsbank, d’Nadia Calvino um Donneschdegmoien op enger Pressekonferenz. 

D’Defense mécht awer ëmmer nach just ee ganz kléngen Deel vum Jores-Budget vun der Bank mat Sëtzt zu Lëtzebuerg aus.

Am Ganzen huet d’EIB am Joer 2024 Kontrakter an der Héicht vun 89 Milliarden Euro fir nei Finanzementer ënnerschriwwen.

60 Prozent vun de Sue goufen a Projete fir de Klimaschutz gestach. Och dëst Joer soll dee gréissten Deel vun de Finanzementer weider a gréng Projete fléissen, sou d’Presidentin haut zu Bréissel.