Radioen

On air

Notturno  |  Meg Baird - Will You Follow Me Home?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EZB setzt de Leetzëns weider erof

4. Zënsbaisse dëst Joer

D'EZB setzt de Leetzëns weider erof

D‘Europäesch Zentralbank huet de Mëtteg op en Neits d‘Leetzënsen erofgesat. Em 0,25 Prozentpunkten op elo 3 Prozent.

auto_stories

1 min

Christine Lagarde, Presidentin vun der EZB | © picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt
Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt

Dat ass déi 4. Zënsbaisse an dësem Joer. Domat reagéiert d‘EZB op d‘Suergen ëm d‘Konjunktur am Euroraum. D‘Handelskonflikter mat den USA an dem zukünftege President Donald Trump kéinten déi schwaach Konjunktur an Europa nach méi ënner Drock setzen. Et gëtt domat gerechent, datt d‘EZB d‘Leetzënsen d‘nächst Joer weider wäert erofsetzen.

International geopolitesch Konflikter kéinten déi schwaach Konjunktur an Europa nach méi ënner Drock setzen, esou d‘Presidentin vun der Europäescher Zentralbank. D'EZB-Cheffin rechent och domat, datt de private Konsum an d‘Investissementer sech eventuell net sou séier kéinten erhuele kéinte wéi ugeholl.

Geopolitesch Risike wéi de Krich an der Ukrain an d‘Konflikter am Noen Osten hätten d'Potential fir d'Energieversuergung an domat och de globalen Handel ze lähmen, sou d'Lagarde.

Iwwerdeems rechent d’EZB domat, datt d'Inflatioun méi séier wäert zeréckgoe wéi erwaart. Fir d'nächst Joer gëtt mat engem Inflatiounstaux vun 2,1 Prozent gerechent.