Radioen

On air

Notturno  |  Marcus Marr - Familiar Five

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paradox Situatioun an Italien: Ëffentlech Schold klëmmt, Chômagetaux a Salairë verbessere sech

Eenzegaarteg an Europa

Paradox Situatioun an Italien: Ëffentlech Schold klëmmt, Chômagetaux a Salairë verbessere sech

Bal 3.000 Milliarden Euro: Dat ass de Montant vun der ëffentlecher Schold an Italien, deen d‘Zentralbank vun der drëttgréisster Vollekswirtschaft am Euroraum haut publizéiert huet. Auswierkungen op de Chômagetaux an d'Salairen huet dat awer net.

auto_stories

1 min

Vu Mee op Juni ass d‘Schold ëm weider 30 Milliarden Euro geklommen a loung bei ganz genee 2.948,5 Milliarden Euro. Zënter déi rietspopulistesch Giorgia Meloni de Premierposten iwwerholl huet, ass déi Zomm kontinuéierlech ëm ganzer 180 Milliarden Euro geklommen.

Allerdéngs ginn am Géigenzuch de Chômagetaux zeréck an den Emploi an d‘Salairë klammen, wa se och nach net um Niveau vu virun der Finanzkris Enn den 2000er leien. Dëst ass eng eenzegaarteg Situatioun an den OECD-Länner.