Radioen

On air

Moiesstudio  |  Whitney - Real Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ China verhänkt Strofmoossname géint Branntewäin aus der EU

Handelskonflikt China-EU

China verhänkt Strofmoossname géint Branntewäin aus der EU

Am Handelskonflikt tëscht der EU a China iwwer den Import vun Elektroautoen huet Peking elo virleefeg Anti-Dumping-Moossnamen op EU-Branntewäi verhaangen. Dat mellt de chineeseschen Handelsministère.

auto_stories

1 min

© nordroden/Adobe Stock
Foto: nordroden/Adobe Stock

Vun e Freideg u missten Importateure vu relevante Branntewäinzorten eng Kautioun vu bis zu 39 Prozent vum Wuerewäert bei der chineesescher Douane hannerleeën.

D‘Annonce dierft eng Reaktioun op d‘Decisioun vun EU-Staate si, fir de Wee fräi fir Taxen op Elektroautoen aus China ze maachen. Peking geheit Bréissel domat Protektionismus vir. Den Ament ginn a China och nach weider EU-Produiten ënner d‘Lupp geholl, dorënner Schwéngefleesch a Mëllechproduiten.