D‘Decisioun vun den EZB-Gouverneure war dës Kéier unanime. Et ass déi fënneft Zënsbaisse zënter dem Summer zejoert. Dee wichtegste Leetzëns, deen och d‘Zënsen op Prête wäert beaflossen, läit elo nach bei 2,75 Prozent.
EZB erwaart sech méi Prêten um Immobiliemaart
D‘Wirtschaftsreprise an den Eurozon-Länner bleift zwar schwaach: Am leschte Quartal zejoert gouf et kee Wuesstem. Mee d’Zënsbaissë géifen Effekter weisen, sot d‘EZB Presidentin Christine Lagarde zu Frankfurt. Et wier elo manner deier, fir Firmen a Leit, Suen ze léinen.
"Dowéinst geet ënner anerem d‘Aktivitéit op den Immobiliemäert nees erop, well bei méi niddregen Zënsen nees méi Leit Prête maachen, fir eng Wunneng ze kafen."
D‘Experte ginn dervun aus, datt d‘EZB bis de Summer weider Zënsbaissë wäert decidéieren. Well och d‘Inflatioun wier weider op där gewënschter Trajectoire no ënnen, sot d‘Christine Lagarde. Si wier zouversiichtlech, datt d’Zil vun 2 Prozent Inflatioun am Laf vum Joer op eng nohalteg Aart a Weis wäert erreecht ginn.
Vill weltwäit Onsécherheeten
Op e geneeën Zäitplang fir weider Zënsbaissë wëll d‘EZB sech awer nach ëmmer net festleeën. Dofir géif et einfach nach ze vill geopolitesch Onsécherheete ginn: D‘Kricher an der Ukrain an am Noen Osten, an elo och nach den Donald Trump, a seng Annonce vun eventuellen Douanes-Tariffer op Importer aus der EU. Dat kéint d'Inflatiouns-Trajectoire an déi ekonomesch Reprise an den Eurolänner negativ impaktéieren, sou nach d‘EZB Presidentin Christine Lagarde.