Kanada a Mexiko hu virun allem Kompromësser a Saache Grenzkontrolle gemaach. Kanada wëllt virun allem den Transfert vun der Drog Fentanyl besser kontrolléieren. Am Fall vu China wëllt de Trump allerdéngs haart bleiwen.
Et bleift ofzewaarden, ob den Donald Trump och mat der EU wäert verhandelen. Um Sommet zu Bréissel hu sech déi europäesch Staats- a Regierungscheffe gëschter um Méindeg decidéiert gewise fir ze reagéieren. Et wier een awer oppe fir e konstruktiven Dialog.