Den Donald Trump hat gëschter 10 Prozent weider Taxen op chineeseschen a 25 Prozent op kanadeschen a mexikanesche Wueren annoncéiert. Vu Peking, Ottawa a Mexiko-City koumen hënt Aussoen, datt een dat nämmlecht maache géif mat amerikanesche Produkter.
Donieft huet China betount, datt Handelskricher keng Gewënner hätten, an déi mexikanesch Regierung huet vu Calomnie vum Donald Trump geschwat, well dee sot, d’Regierung a Mexiko wier en Alliéierte vun den Drogekarteller.
Konflikttheema Panamakanal?
Den US-Ausseminister Marco Rubio ass iwwerdeems a Panama ukomm, fir iwwer d'Zukunft vum Panama-Kanal ze schwätzen. Den Donald Trump hat jo gefuerdert, datt d’USA d’Kontroll iwwer dës wichteg Waasserstrooss nees zeréckkréie sollt. D’Vereenegt Staten haten de Kanal tëscht dem Atlantik an dem Pazifik gebaut an d’Verwaltung dovun Enn 1999 u Panama iwwerginn.
De President vu Panama, José Raul Mulino, huet awer schonn ugekënnegt, datt de Kanal an der Hand vu Panama bleiwe géif.