Nvidia ass haut um Dënschdeg, ier d‘Marchéen opgaange sinn, awer erëm mat engem Plus vun 3 Prozent gestart a läit elo bei knapps iwwer 0 Prozent.
Ausléiser vum Schock gëschter war d‘Erkenntnis, datt ee Software mat Kënschtlecher Intelligenz méiglecherweis mat vill manner Recheleeschtung – an deemno och Chips vun Nvidia – trainéiere kéint, wéi bis ewell ugeholl.
Déi chineesesch Startup "DeepSeek“ soll nämlech een neie KI-Modell mat manner wéi 6 Milliounen Dollar a mat just e puer ofgespeckten Nvidia Chipsystmer ugeléiert hunn. Ob dat esou stëmmt, ass awer net gewosst.