Eng grouss Inconnu bleiwen och déi zukünfteg kommerziell Reegelen an Taxen déi den US-President Donald Trump wäert aféieren.
Ee weidere Problem wier awer an der EU hausgemaach, esou den Georges Rassel, dee vun enger Iwwerreguléierung geschwat huet. D’EU-Parlamentspresidentin Roberta Metsola déi um Neijoerschpatt participéiert huet, huet eng Vereinfachung vun de Reglementatioune versprach. Och de Premier Luc Frieden ass a senger Interventioun op de Besoin vun der Wirtschaft zréckkomm, déi duerch eng Iwwerreguléierung an der EU u Konkurrenzfäegkeet géife verléieren.