Elo wier d'Propositioun déi, datt d'Cotisatiounszäit bei der Reform iwwer 5 Joer ëm just 8 Méint an d'Luucht gesat gëtt. Dat soll awer och net fir déi gëllen, déi mat 57 Joer scho 40 Joer cotiséiert hunn, mee just fir déi Leit, déi mat 60 Joer d'Pensioun ginn.
D'Regierung hätt och proposéiert fir d'Pensiounscotisatioune fir d'Patronen, d'Salariéen an de Staat ëm jeeweils 0,5 Prozent an d'Luucht ze setzen.
A Saachen Ouvertureszäite vun de Geschäfter mellt RTL, datt proposéiert gëtt, datt déi an der Woch vu moies 5 bis 8 Auer owes kënnen op sinn. Bei deene Geschäfter, déi no 8 wëllen op sinn, soll dat iwwer Kollektivvertrag gereegelt ginn. De Weekend gëllen Ouvertureszäite vu 5 moies bis 7 owes. Wat doriwwer erausgeet, muss och am Kollektivvertrag gereegelt ginn.
An och d'Sonndesaarbecht soll iwwer Kollektivvertrag gereegelt ginn, nämlech dann, wann en/eng Mataarbechter:in méi wéi 4 Stonne soll schaffen. Kleng Betriber sollen net dorënner falen. Tëschent de Sozialpartner géif et an deem Kontext awer och nach keen Accord doriwwer ginn, wat e klenge Betrib ass, esou RTL.