arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Chômagetaux ass de leschte Mount liicht gefall

Aarbechtswelt

|
headphones

1 min

De Chômagetaux ass de leschte Mount liicht gefall

Dësen Taux louch Enn Juni bei 5,9 Prozent. Enn Mee waren et 6,0 Prozent. Op ee Joer gekuckt, ass d’Zuel vun de Leit ouni Aarbecht, déi bei der ADEM ageschriwe waren, awer op ronn 17.900 geklommen. Dat waren 800 Leit méi, wéi am Juni 2024.

headphones

1 min

ADEM Hamm | © adem.lu/Thierry Frisch
ADEM Hamm (Foto: adem.lu/Thierry Frisch)

Am Laf vum leschte Mount hunn d’Patrone ronn 2.950 fräi Plaze bei der ADEM gemellt. Dat waren der 4,4 Prozent manner wéi am Juni 2024.

Dës Zuelen huet d’ADEM de Méindeg de Moie matgedeelt.