arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franz Fayot: "Regierung hëlt sech all Marge de maneuvre" 

Steierreform

|
headphones

2 min

headphones

13 min

play_arrow

Franz Fayot: "Regierung hëlt sech all Marge de maneuvre" 

A Saache Steierreform goufe bis ewell nach keng konkret Géigefinanzéierungsmesurë presentéiert. De Franz Fayot ass der Meenung, datt d'Regierung sech vill Opportunitéite géif verhënneren, well si systematesch eng Besteierung vun héijem Eegekapital géif ausschléissen. 

headphones

2 min

headphones

13 min

play_arrow
© Chris Zeien
(Foto: Chris Zeien)

Um Dënschdegmoien huet de Finanzminister Gilles Roth der zoustänneger Chamberkommissioun d'Piste vun der geplangter Individualiséierung vum Steierbarem virgestallt. 

E Plang, dee schonn de fréieren DP-Finanzminister Pierre Gramegna hat. Elo ass et ausgerechent en CSV-Minister, deen déi Steierreform wäert duerchsetzen. Dat hätt eng gewëssen Ironie, mengt de Franz Fayot. 

"Et muss een déif an d'Täsch gräifen"

Vum 1. Januar 2028 u soll et dann nëmmen nach eng Steierklass ginn an net méi wéi bis elo dräi. Esou soll et eng Gläichheet virun de Steiere ginn. 

Dee Systemwiessel soll de Staat 900 Milliounen Euro d'Joer kaschten. Ausser d'Pisten de Steierbarem net un déi lescht an nächst Indextranchen unzepassen, goufen nach keng kloer Géigefinanzéierungsmesurë virgestallt. 

Awer och déi Mesurë géif nëmmen d'Hallschent vun deem néidege Budget bréngen, seet de Franz Fayot. 

Net méi wéi 30 Prozent Staatsscholden

Aktuell wier ee bei 24 Prozent, seet de Franz Fayot. An d'Ausgabe wäerte weider klammen, virun allem bei der Defense. Un d'Sozialleeschtunge wéilt een net goen an och de Klimawandel géif weiderhi vill Sue kaschten. De Franz Fayot ass sech net sécher, ob déi Limitt vun 30 Prozent och an Zukunft nach realistesch wäert sinn. 

D'CSV-DP-Regierung géif sech de komplette Spillraum huelen, well si d'Besteierung vum héijen Eegekapital systematesch géif ausschléissen, erkläert de Franz Fayot am 100,7-Interview. 

“Also mir schwätzen ëmmer just vun de ganz héije Verméigen. Mir schwätzen hei net vun de Leit hirem Eegenheem oder och nach e puer Appartementer. Mir schwätzen hei vun de ganz héije Fortunen. Déi gi mir bis elo guer net besteieren an do gëtt et ëmmer nach e Problem.”

D'LSAP wier ënner Ëmstänn bereet, déi geplangte Steierreform matzedroen, mee si géif dem Finanzminister seng Pläng elo nach genee analyséieren, éier se sech festleet, esou nach de Franz Fayot. 

play_arrow Lauschteren