Radioen

On air

9 bis 1  |  Leen - Dear Desire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Henri Reding: D'ArcelorMittal-Wierker zu Lëtzebuerg si rentabel

Stolindustrie

Henri Reding: D'ArcelorMittal-Wierker zu Lëtzebuerg si rentabel

D‘Produktioun vun ArcelorMittal zu Lëtzebuerg ass rentabel an d‘Wierker si gutt ausgelaascht. Dat huet mat der Diversitéit vun de Produiten ze dinn, déi zu Lëtzebuerg hiergestallt ginn, awer och mat der Eenzegaartegkeet vun de Produiten, sou den Direkter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg Henri Reding am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

headphones

11 min

Den Henri Reding, Chef vun de Lëtzebuerger Aktivitéite beim Stolkonzern ArcelorMittal. | © Jo Diseviscourt play_arrow
Den Henri Reding, Chef vun de Lëtzebuerger Aktivitéite beim Stolkonzern ArcelorMittal. (Foto: Jo Diseviscourt)

Den Invest an den neien Elektrouewen um Belval wier och an deem Kontext ze gesinn.

"Déi Restrukturatioun hei zu Lëtzebuerg ugaangen ass viru quasi zwee Joer, fir déi dräi Wierker ënnert eng Gestioun ze stellen an dofir ze suergen, dass mir komplett autonom ginn. Dat heescht, déi véier Walzwierker ginn ab Enn dëst Joer vun deenen zwee Stolwierker zu Belval an Déifferdeng beliwwert. An dofir hu mir misse Belval ëmbauen, fir déi verschidde Stolnuancen, déi zu Rodange gebraucht ginn, och hei zu Lëtzebuerg kënnen ze maachen."