Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Bobby Hutcherson - Components

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ArcelorMittal: "D'Produktiounskäschte sinn absolutt onkompetitiv"

Stolindustrie

ArcelorMittal: "D'Produktiounskäschte sinn absolutt onkompetitiv"

D’Situatioun vun der Stolindustrie an Europa ass kritesch. Fir datt déi Industrie an Europa iwwerliewe kann, misst d’Politik onbedéngt méi ee favorabelt Ëmfeld schafen. Dat war de Message vum Henri Reding, Direkter vun ArcelorMittal, op der Neijoerschreceptioun vum Stolkonzern gëschter um Mëttwoch. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Jacques Ganser play_arrow
(Foto: Jacques Ganser)

Et wier héich Zäit, datt d‘Politik sech der Problematik vun der Stolindustrie géif bewosst ginn. Soss kéinten d‘Stoliewen an Europa deemnächst wierklech ausgoen. Bei verschiddene Wierker, zum Beispill a Südafrika, wier dat schonn de Fall gewiescht, sou den ArcelorMittal Country manager fir Lëtzebuerg Henri Reding.

D‘Energiepräisser wieren an Europa fir de Stroum zweemol sou héich wéi an den USA, an am Gas souguer véiermol sou héich, gëtt den Henri Reding ze verstoen.

"Domat sinn eis Produktiounskäschten absolut onkompetitiv, wa mir wëlle vun Europa an ausserhalb vun Europa verkafen. A mir zéie mat eise Stolpräisser elo ëmmer méi Importer un."

An Europa géif wéinst den Iwwerkapazitéiten e gudden Deel vun de Stolwierker un der Rentabilitéitsgrenz schaffen.

Lëtzebuerger Sitte krute sech gutt aus der Affär gezunn

D‘Stolindustrie wënscht sech dofir méi Visibilitéit bei den Energiepräisser an eventuell souguer méi niddreg Präisser. Op der anerer Säit misst dofir gesuergt ginn, datt déi weltwäit Iwwerkapazitéiten net all an Europa landen. Wann d‘USA 50 Prozent Importtaxe froen, kéint d‘EU net bei 25 Prozent stoe bleiwen, sou nach den Henri Reding. 

Déi Lëtzebuerger Sitten hätte sech bis elo allerdéngs relativ gutt aus der Affär gezunn: De Mix vun de Produite wier e strategesch gudde Choix, an dës héichspezialiséiert Produite géife praktesch just zu Lëtzebuerg hiergestallt ginn, wat hinnen e stabille Marché garantéiert. 

Bei der Receptioun huet de Stolproduzent och eng nei Photovoltaik-Installatioun um Daach vum Logistikzenter zu Nidderkuer virgestallt. D’Installatioun huet eng Leeschtung vu 5 Megawatt.

Lauschterenplay_arrow