Radioen

On air

9 bis 1  |  Phoebe Rings - Daisy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Google-Datazenter zu Biissen: "De Projet ass net dout", esou de Lex Delles

Minister ass zouversiichtlech

Google-Datazenter zu Biissen: "De Projet ass net dout", esou de Lex Delles

De Projet vun engem Google-Datazenter zu Bissen koum nees an d’Gespréich, wéi de Gemengerot lescht Woch eng Exekutiouns-Konventioun ëm de Bebauungsplang fir den Datazenter guttgeheescht huet. De Wirtschaftsminister huet an der Chamber gëschter um Donneschdeg kuerz preziséiert, datt et Gespréicher géif ginn tëscht dem Ministère a Google.

auto_stories

1 min

Google | © picture alliance/dpa | Matthias Balk
Foto: picture alliance/dpa | Matthias Balk

Am Moment leeft eng Ëmweltimpaktetüd, déi awer nach net ofgeschloss wier. Hie wäisst sech awer zouversiichtlech driwwer, datt dee Projet sech weiderentwéckelt, vue datt d’Gemeng weider mat Google um Projet schafft, esou de Lex Delles. Et wieren awer nach eng Rei Froen, op déi een Äntwerte fanne misst, zum Beispill wat d'Zoufaart op de Site ugeet.   

Ee wichtege Message, esou de Lex Delles: "De Projet ass net dout."

"Wann Echangë sinn, gesäit een also, datt et dann eng Richtung geet. Mee et ass ze fréi, fir Jo oder Nee ze soen, well een dat zu dësem Moment net weess. Mee ech sinn awer ganz zouversiichtlech, well ee gesäit, dass net einfach de Projet vun haut op muer gestoppt ginn ass."