Radioen

On air

Notturno  |  Sun Glitters - Too Much To Lose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liberty Steel: Georges Mischo hofft, datt nach viru Chrëschtdag d'Léin deels ausbezuelt ginn

No der Faillite

Liberty Steel: Georges Mischo hofft, datt nach viru Chrëschtdag d'Léin deels ausbezuelt ginn

Fir d’Mataarbechter vu Liberty Steel ze informéieren, sinn an der ADEM-Agence op Esch-Belval muer um Freidegmëtteg zwou Informatiounsreuniounen. Dat huet den Aarbechtsminister Georges Mischo ugekënnegt, knapp eng Woch no der Faillite vun der Industrie-Entreprise vun Diddeleng.

auto_stories

1 min

© Serge Kesseler
Foto: Serge Kesseler

Wa bannent dräi Méint een Transfert d’Entreprise kéint gemaach ginn, da kéinten d’Aarbechtsverträg reaktivéiert ginn, huet de Minister preziséiert. De Georges Mischo hofft, datt d’Mataarbechter nach viru Chrëschtdag een Deel vun de Léin, déi si nach zu gutt hunn, kënnen ausbezuelt kréien. 

Potentiell Repreneure vum Wierk vu Liberty Steel oder vun engem Deel dovu wieren a Kontakt mam Curateur vun der Faillite, esou haut um Donneschdeg de Wirtschaftsminister Lex Delles. Et wier wichteg, de Site zu Diddeleng rëm ze beliewen, a rëm nei Aarbechtsplazen do ze garantéieren.

Déi zoustänneg Chamberkommissioune goufen de Moien iwwert d’Faillite vu Liberty Steel an d’Konsequenzen dovun informéiert.

Op Nofro hin, hu mir vum Parquet confirméiert kritt, datt de Wirtschaftsministère d‘lescht Joer am November eng Denonciatioun gemeet hat. De Parquet hätt awer net genug Elementer fonnt, fir eng Enquête préliminaire wéinst enger Infractioun opzemaachen.