Dës Suspensioun wier temporär, fir d’Zäit vun der Analys vun der neier Situatioun a Syrien, dat a Concertatioun mat anere Staate fir eng harmoniséiert Approche ze erreechen.
Wärend der Suspensioun géifen d’Asyldemandeure virun a Foyeren ënnerbruecht bleiwen, an et géif och soss keng Verschlechterunge fir si ginn, versprécht de Lëtzebuerger Inneministère.
Och wann den Traitement ausgesat ass, kéinte virun nei Asyldemande vu Leit aus Syrien agereecht ginn.
D’Suspensiounsmesure géif net fir d’Dublin-Prozedur gëllen, also fir déi Leit, déi schonn Asyl an engem anere Staat ugefrot haten.
Bis Enn September haten am Ganzen 175 Leit aus Syrien dëst Joer eng Asyldemande hei zu Lëtzebuerg gemaach.