Zwar ass fir 2027 an alle Fusiounsgemengen, an deenen de Gemengerot mat "Jo" ofstëmmt, schonn e Referendum virgesinn, mee de Laurent Lacour, Member vum Gemengerot, mengt, datt et besser wier, schonn elo d’Stëmm vun de Bierger:innen anzefroen.
"Ech wëll einfach evitéieren, datt mir elo nach weider dräi, véier Joer un deem Projet schaffen an d’Leit dann 2027 Nee soen. Well da läit alles a Schierbelen.“
De Buergermeeschter Claude Gleis huet confirméiert, datt dëse Punkt op den Ordre du jour en Donneschdeg kënnt. Hien huet awer gesot, datt hie sech zu dësem Zäitpunkt nach net wëll positionéieren.
Oneenegkeet am Gemengerot
Am Gemengerot selwer gëtt et keng Eenegkeet. Verschidde Memberen, dorënner och de Laurent Lacour, hu sech géint d’Fusioun ausgeschwat. Hien betount awer, datt d’Bierger:innen d’Recht sollten hunn, matzeentscheeden. Well wann de Gemengerot elo géint d’Propos stëmmt, géif dat bedeiten, datt och 2027 kee Referendum méi stattfënnt. An deem Fall hätten d’Bierger:innen iwwerhaapt keng Méiglechkeet méi, hir Meenung zur Nordstad-Fusioun offiziell auszedrécken.
De Laurnet Lacour huet betount, datt hie sech un dat Resultat vum Referendum hale géif, egal wéi et ausfält.
"Wann d’Bierger elo an dësem Referendum Jo soen, da wäert ech mech un dat Resultat halen an och keng Oppositioun méi géint d’Fusioun maachen.”
De Laurent Lacour huet och erkläert, datt hie scho reprochéiert krut, d’Stëmm vun de Bierger:innen net ze respektéieren, well hie géint d’Fusioun gestëmmt huet.
"Et stéisst mir erop, wann ech mir dat vun engem Schäfferot muss soe loossen, datt mir d’Bierger net wëlle matschwätze loossen.“
Beispill Bettenduerf?
D’Nordstad-Fusioun géif d’Gemenge Schieren, Ettelbréck, Dikrech an Ierpeldeng zu enger méi grousser Gemeng zesummeféieren, déi besser koordinéiert kéint agéieren. Mee et ginn och Suergen iwwer d’Konsequenze fir déi lokal Autonomie vun den eenzelne Gemengen.
Zu Bettenduerf huet de Gemengerot géint d'Fusiounsgespréicher gestëmmt. D’Bierger:innen hunn Enn November duerch eng Initiativ genuch Ënnerschrëfte gesammelt, fir en eegene Referendum unzefroen. Dës Entwécklung kéint och en Impuls fir Ierpeldeng sinn, fir schonn elo d’Stëmm vun de Bierger:innen anzehuelen.