Radioen

On air

Notturno  |  Asher White - Skate Park Anthem

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel a Paulette Lenert bleiwen déi beléiftste Politiker

Politmonitor

Xavier Bettel a Paulette Lenert bleiwen déi beléiftste Politiker

Am neie Politmonitor-Sondage bleiwen de Xavier Bettel an d'Paulette Lenert déi beléiftste Politiker am Land. Nei an den Top 3 ass den DP-Europadeputéierte Charles Goerens op der drëtter Plaz. De Premier Luc Frieden huet ee stabille Score, mee ass bei der Beléiftheet op déi 4. Plaz gerëtscht.

auto_stories

1 min

Dee gréisste Gewënner ass den EU-Kommissär Christophe Hansen, dee mat +15 Punkten op déi 9. Plaz klëmmt. Dee gréisste Verléierer ass de Sven Clement vun de Pirate mat -23 Punkten.

D'Aarbecht vun der Regierung bewäerten d'Bierger a Biergerinnen da méi positiv wéi nach am Mäerz: 61 Prozent soten, der Regierung hir Aarbecht wier gutt. 11 Prozent soten, si wier ganz gutt. Kritik gëtt et bei Theeme wéi der Logementskris oder dem Dialog mat de Sozialpartner.

Am Ganze goufen 1.063 Leit befrot. De Politmonitor gouf vum Meenungsfuerschungsinstitut ILRES am Optrag vum RTL an dem Luxemburger Wort realiséiert.