Fir den Direkter vun der Chambre de commerce Carlo Thelen misst déi Lëtzebuerger Ekonomie onbedéngt op Innovatioun setze fir deene sëllege Krisen ze begéinen.
Onrouegt internationaalt Ëmfeld
Lëtzebuerg wier momentan ee Pôle vun der Stabilitéit a sollt dat och bleiwen. Dat an engem extrem onrouegen internationalen Ëmfeld, sou den Direkter vun der Chambre de commerce Carlo Thelen.
A sengem Joresbilan huet de Vetrieder vum Lëtzebuerger Handel ee globaalt däischtert Bild gezeechent. Kricher, politesch Instabilitéit an de Nopeschlänner, een aggressiivt an ekonomesch geschwächt China an d’Perspektiv vun engem amerikanesche Präsident Donald Trump deen op Protektionismus setzt.
Lëtzebuerg hätt an dem Kontext moderat, awer positiv Wuesstemsperspektiven.
"Eng Regierung, déi eng kloer Visioun huet"
Och d’Betriber géife sech an den Ëmfroe liicht optimistesch weisen, esou de Carlo Thelen. Dat wier och op d’Haltung vun der Regierung zréckzeféieren déi zum Beispill a Saache simplification administrative aktiv gi wier.
"Et mussen éischtens emol soen, datt mer eng Regierung am Moment hunn, déi stabel ass, contrairement zu den Nopeschlänner, mir hunn eng Regierung, déi huet eng kloer Visioun, se wëllt d'Wirtschaft stäerken."
Ekonomie soll sech am militäresche Beräich abrénge kënnen
Efforte wieren awer och bei der Innovatioun noutwenneg. Well d’Investitiounen am militäresche Beräich an Zukunft zolidd wäerte klammen, sollt déi Lëtzebuerger Ekonomie hei an Zukunft och aktiv kucke wéi se sech kann abréngen, sou de Carlo Thelen.
"Verschidde Materialien, dat sinn Dronen, dat ass am Data-Beräich, an ech mengen do, notamment am Data-Beräich ass Lëtzebuerg ganz staark wéinst der Cybersecurity an och wéinst den Infrastrukturen, déi mer hunn."
Fir kompetitiv ze bleiwen, misst Lëtzebuerg de Wunnengsmaart méi attraktiv maachen a weider attraktiv fir Frontaliere bleiwen. De Manktem u qualifizéiertem Personal wier deemno eng vun den Haapterausfuerderunge fir d’Betriber. Eng weider Fuerderung ass déi vun enger weiderer Baisse vun der Betribsbesteierung fir auslännesch Investisseuren unzezéien.