arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chipkris an der Autosindustrie: Gëtt et en Auswee?

Wirtschaft

|
headphones

3 min

headphones

8 min

play_arrow

Chipkris an der Autosindustrie: Gëtt et en Auswee?

D'Chippen, déi an der Autosproduktioun gebraucht ginn, sinn amgaang knapp ze ginn an Europa. Déi europäesch Associatioun vun den Autosproduzenten huet gewarnt, verschidde Fabricke missten hir Produktioun vläicht schonn an e puer Deeg stoppen. Och zu Lëtzebuerg?

headphones

3 min

headphones

8 min

play_arrow

Och hei am Land si verschidde Betriber vun deem Problem betraff. Mir haten Iech d'Beispill IEE erkläert. Et geet ëm Betriber, déi grouss Autosproduzenten an eisen Nopeschlänner beliwweren. 

China refuséiert am Moment där Nexperia-Chippen - dat ass d'Mark, ëm déi et geet - ze exportéieren, déi dréngend vun der europäescher Autosindustrie gebraucht ginn.

Produktioun zu Lëtzebuerg leeft fir den Ament virun

Am 100,7-Interview confirméiert de Wirtschaftsminister Lex Delles, datt dëst en Impakt op Lëtzebuerg huet. Dee Secteur géing am Grand-Duché ëmmerhin eng 8.500 Leit beschäftegen an e Joresëmsaz vun 1,5 Milliarden Euro maachen.

“Dat heescht, déi ganz Transitioun, vun där mir grad schwätzen - sief et eeben d'Digitaliséierung vun den Autoen an awer och d'Elektrifizéierung vun den Autoen - huet en direkten Impakt op d'Industrie hei zu Lëtzebuerg.”

Wéi vill Entreprisë genee vum Export-Stopp vun den Nexperia-Chippe betraff sinn, konnt de Lex Delles net soen. Aktuell géing d'Produktioun hei am Land nämlech nach weiderlafen.

“Mee natierlech, wann d'Produkteure vun Autoe keng Autoe méi bauen, huet dat direkt e Réckschlag op alleguerten déi aner Betriber, déi Zouliwwerer sinn, fir déi Autoe kënnen ze bauen. Also wann ee Stéck aus där Ketten erausfält, kann dat och Repercussiounen op Lëtzebuerg hunn.”

Nexperia ass zwar ee vun de gréisste Chippproduzenten op der Welt, mee natierlech net deen eenzegen. D'Méiglechkeet besteet also, op Konkurrenzproduiten ëmzeswitchen. Dëst ass awer natierlech méi einfach gesot wéi gemaach.

Europa weist sech vulnerabel

Dobäi kënnt, esou den DP-Wirtschaftsminister, datt dëse "Kale Krich vun den Chippen", wéi et a verschiddene Medie betitelt gouf, d'Vulnerabilitéit vun der europäescher Industrie opweist.

“Déi nach eng Kéier weisen, wéi ofhängeg mir dach si vun Decisiounen, déi an anere Länner kënne geholl ginn, fir ganz Branchen, wou mir hei vun Dausenden Aarbechtsplazen an Europa schwätzen. Dat weist also och, dass mir do mussen un der Souveränitéit vun Europa ganz staark schaffen.”

D'Industrielle-Federatioun FEDIL huet de Wirtschaftsminister dozou opgeruff, eppes géint d'Chipkris ze ënnerhuelen. Als Lëtzebuerger Minister wier säin Handlungsraum awer begrenzt. Et géing een awer probéieren de Secteur besser fir d'Zukunft opzestellen. Net nëmmen dee vun der Automobilbranche, mee allgemeng d'Industrie.

“Dofir hu mir als Regierung ganz héich Investissementer, sief et an de Meluxina AI, Supercomputer Meluxina Q, alleguer déi Investissementer, déi wichteg sinn, an awer och eiser Recherche hëllefen.”

Dem Campus Biissen op d'Spréng hëllefen

Dobäi kéim d'Simplification administrative, fir datt sech d'Betriber zu 100 Prozent op hir Produktioun kéinte konzentréieren. Wat den Automobilsecteur betrëfft géing een iwwerdeems op den Automotive Campus Biissen setzen.

“Den Automotive Campus, deen zu Biissen kreéiert ginn ass, fir eebe grad d'Automobilbranche op enger Plaz unzezéien, fir en Ekosystem ze kreéieren tëschent Startuppen, Industrien, Betriber, déi an der Autosbranche schaffen.”

Dat géing allerdéngs fir de Moment nach net esou funktionéieren, wéi dat sollt sinn, gëtt de Minister zou. Am Kader vun der rezenter Wirtschaftsrees an Holland sinn awer nei Synergien entstanen, esou de Lex Delles.

 

play_arrow Lauschteren