Zënter den éischte Pläng fir den neie Cactus zu Esch sinn 18 Joer vergaangen. Ugangs hätt de Projet däitlech méi grouss sollen ausfalen.
Elo ass et eng Verkafsfläch vun nach 7.000 Quadratmeter, eng Galerie mat 15 Geschäfter, ee Fitnesszenter, eng Crèche a 67 Studioen a Wunnengen, déi verlount ginn.
Brainstorming féiert zu Wunnengen
Den Administrateur-Directeur vum Grupp Cactus, de Laurent Schonckert, huet am 100,7-Interview erkläert:
“Mir hunn do e groussen Terrain vu bal véier Hektar leien am Wunnquartier justement zu Lalleng. Dunn hu mir do geduecht, dat nennt een esou schéin Optimisatioun vun engem Foncier, do sinn déi véier Hektar, wéi kënnt een déi am beschte benotzen?”
D’Iddi vun de Wunnengen am neie Projet zu Esch/Lalleng wieren am Brainstorming op d’Tapéit komm.
“An ech menge schonn, och wéi d'Situatioun haut ass um Wunnengsmaart, datt dat och fir ons eng Saach gëtt, wou mir missten och e Wee fannen. Ob mir dee lo nach (...) op anere Projeten och maachen, kann ech haut net soen. Hei war e bëssen eng opportunistesch Approche.”
Cactus iwwerhëlt d'Gestioun vun de Wunnengen
Déi 67 Wunnengen a Studioe sollen 2026 op de Marché kommen, esou de Laurent Schonckert. De Grupp Cactus selwer këmmert sech ëm d’Gestioun. Dat wier “een neie Beruff”.
Kompetenze bei frësche Liewensmëttel
Beim Konzept fir de Supermarché hätt de Grupp Cactus awer keng Experimenter gemaach, huet de Laurent Schonckert vum Grupp Cactus confirméiert.
“Mir hunn effektiv déi Partie (...) non-alimentaire, also ech denken u Fernseher, u Computeren, un Tifküleren, u Wäschmaschinnen, dat hu mir alles ewechgelooss. (...) Mir hunn ons konzentréiert op do, wou ons Kompetenze sinn, Liewensmëttel an och haaptsächlech frësch Produiten.”
De Grupp Cactus huet Ufank 2025 eng 4.300 Leit beschäftegt an e war domat de fënneftgréisste privaten Employeur hei am Land.