arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No der Caritas-Affär: Françoise Thoma demissionéiert als Spuerkeess-Direktesch

Generaldirektesch

|
headphones

2 min

No der Caritas-Affär: Françoise Thoma demissionéiert als Spuerkeess-Direktesch

Den Drock war déi lescht Méint gewuess: D'Generaldirektesch vun der Spuerkeess demissionéiert nodeems de Finanzregulateur an der Suite vun der Caritas-Affär Enn Juli Schwächten am Finanzmonitoring vun der Staatsbank festgestallt huet. D'Bank wëll d'Demissioun awer net domat a Verbindung bréngen.

headphones

2 min

D'Spuerkeessdirekterin Françoise Thoma | © Chris Zeien
D'Spuerkeessdirekterin Françoise Thoma (Foto: Chris Zeien)

De Camille Fohl, President vum Spuerkeessverwaltungsrot, huet d'Demissioun vun der Françoise Thoma de Mëtteg annoncéiert. D'Pressekonferenz war de Moie kuerzfristeg aberuff ginn, d'Personal vun der Bank war schonn an der Mëttesstonn informéiert ginn.

D'Bank huet d'Demissioun net direkt op d'Caritas-Affär zréckgefouert. D'Decisioun wier am Kader vun engem méi breede Strategie-Prozess bis 2030 getraff ginn, esou de Camille Fohl.

Op d’Fro, ob d’Françoise Thoma fräiwëlleg als Generaldirektesch ophält, oder gefrot gouf fir ze goen, huet si net direkt geäntwert. D’Décisioun wier “d’un commun accord” getraff ginn. Ënnert anerem d’Défië vun der Zukunft an d’regulatoresch Oplagen hätten de Prozess awer acceleréiert.

Iwwergangsphase

D'Françoise Thoma géif awer an hire Funktiounen an an hirer Verantwortung bleiwen, bis ee Successeur fonnt gouf. De Camille Fohl hofft, datt dat am zweeten oder drëtte Trimester d’nächst Joer de Fall wäert sinn.

"Et geschitt kee Changement, bis elo deen neien Directeur général en place ass. Compte tenu vun den Delaien, déi kommen, mengen ech, datt dat Juni oder September d'nächst Joer ass. Esou laang brauch et leider och dee ganzen Dispositiv, fir deen ëmzesetzen. Esou laang bleift d'Madamm Françoise Thoma en place, Directeur général, President vun de Comité de direction an all senge Responsabilitéiten, Attributiounen, y compris och am Comité de direction de jeeweileg Leit."

D'Françoise Thoma géif iwwerdeems weiderhi bei der Spuerkeess bleiwen, nämlech als strategesch Beroderin – ee Posten, deen et fir den Ament nach net gëtt. Dee Posten ass un de Verwaltungsrot rattachéiert.

Groussen Drock

D'Spuerkeess hat dëst Joer wéinst Schwächte beim Finanzmonitoring eng grouss Geldstrof vu ronn 5 Milliounen Euro vum Finanzregulateur kritt. D'CSSF hat eng Kontroll gemaach, nodeems d'Caritas d'lescht Joer Affer vun engem grousse Bedruch gouf. Ronn 50 vun den am Ganzen 61 Milliounen Euro, déi bei der Caritas verschwonne sinn, goufe wärend Méint iwwer Spuerkeess-Konten an d'Ausland transferéiert.

Eng Rei Deputéiert hunn der Spuerkeess dono reprochéiert, d'Caritas-Spezialkommissioun vun der Chamber am Fréijoer net transparent informéiert ze hunn. Och de Finanzminister Gilles Roth (CSV) hat sech dono net hannert d'Direktioun gestallt andeems hie sot, an der interner Bewäertung vun der Direktioun sollten et keng Tabue ginn.