Radioen

On air

Notturno  |  Mount Stealth - Azymuth

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Liberty Steel-Wierk zu Diddeleng muss bis Enn dës Mounts e Repreneur fonnt hunn

Wirtschaft

D'Liberty Steel-Wierk zu Diddeleng muss bis Enn dës Mounts e Repreneur fonnt hunn

Bis Enn dës Mounts mussen d‘Offere fir eng Reprise vum faillite Liberty Steel-Wierk vun Diddeleng era sinn. Et hätte sech e puer potentiell Repreneure manifestéiert, esou den OGBL. Déi nächst Deeg wieren also kruzial fir den Industriesite zu Diddeleng.

auto_stories

2 min

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

Den OGBL mécht een Appell, fir datt sech seriö drëm beméit gëtt, e Repreneur ze fannen, fir datt déi 147 Salariée vum fir Galvaniséierungswierk endlech Kloerheet hätten. 

D’Gewerkschaften OGBL an LCGB hunn nach ëmmer Hoffnung, datt et e Repreneur fir Liberty Steel Diddeleng gëtt. Dat zwee Méint, nodeems d’Faillite vum Stolproduzent gesprach gouf. Et wiere Visitten an deem Sënn organiséiert ginn.

Keen Investitiounsfong als Repreneur 

Et hätt een och vu Säite vum Curateur d’Confirmatioun kritt, datt sech potenziell Repreneure manifestéiert hätten, seet de Stefano Araujo vum OGBL. Wat sécher wier, dat ass, datt een no der schlechter Erfarung mat Liberty Steel keen Investitiounsfong als Repreneur méi wéilt.

"Et muss alles gemaach ginn, fir dass mir e Repreneur fannen, dass mir e seriöe Repreneur huelen, net een, deen dohi geet, fir ze profitéiere vun ëffentlechen Hëllefen oder wat och ëmmer, mee een tatsächlech, dee wëll d’Wierk behalen, fir e puer Joer, an investéieren an d’Wierk."

Offere vu potenzielle Repreneure mussen iwwregens bis Enn der Woch era sinn.