Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Bleu Nuit - Oblivion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Secteur vun de Lëtzebuerger Autoszouliwwerer kritt d'Kris ze spieren

Automobilindustrie

Secteur vun de Lëtzebuerger Autoszouliwwerer kritt d'Kris ze spieren

Am Secteur vun den Autoszouliwwerer hei am Land, géife fräi Aarbechtsplazen net méi automatesch ersat ginn, seet de Julian Proffitt, de President vum Verband ILEA (Industrie luxembourgeoise des équipementiers de l’automobile)

auto_stories

2 min

headphones

12 min

Den ILEA-President Julian Proffitt | © Jo Diseviscourt play_arrow
Den ILEA-President Julian Proffitt (Foto: Jo Diseviscourt)

All d'Zouliwwerbetriber hätte probéiert, d'Zuel vun de Beschäftegten op eng natierlech Aart a Weis unzepassen. Wa Leit de Betrib verloossen, da géife si net méi automatesch ersat ginn, esou de Julian Proffitt. De Verband ILEA, d'Luxembourg Automotive Suppliers Association, vertrëtt eng 20 Entreprisen hei am Land, mat ronn 8.500 Beschäftegten. 

Veronsécherung bei de Keefer

De Secteur hei am Land wier betraff vun deem, wat an Europa bei den Autosproduzente geschitt, esou de Julian Proffitt, deen als Beispill de Grupp Volkswagen genannt huet.

De Problem wier, datt am Moment de Verkafsvolumen méi déif ass, an de Mix vun Autoen anescht wéi virgesinn.

“Dat heescht manner reng Elektroautoen, an d'Leit sinn e bëssen onsécher am Moment, wat si iwwerhaapt solle kafen.”

Wéi d'Kompetitivitéit kuerzfristeg stäerken?

D'Transitioun op reng Elektroautoe géif an eng positiv Richtung goen, an et géif een dat als Verband ënnerstëtzen, esou de Julian Proffitt. Mee dës Tendenz wier méi lues wéi geduecht.

“Vill Investitioune si gemaach gi vu Säite vun de Constructeuren an och vun den Equipementéierer-Säiten an d'Volumme sinn einfach net do. Dat heescht d'Rentabilitéit ass net do, an dat bréngt grouss Froe mat sech, wéi laang kann dat goen? Wat kënne mir kuerzfristeg maachen, fir eis Situatioun, eis Kompetitivitéit ze stäerken?”

D'EU-Kommissioun huet de Mëttwoch een Aktiounsplang fir den Automobilsecteur presentéiert. An deem Kontext gouf gesot, de Verbrenner-Aus géif schonn an der zweeter Hallschecht vun dësem Joer iwwerpréift ginn an net eréischt d'nächst Joer.

De Verband ILEA wier fir d'Neutralitéit vun der Technologie, esou dozou de President Julian Proffitt. D'Zil fir 2035 misst éischter sinn CO2-emissiounsfräi ze sinn, wéi 100 Prozent elektresch, esou de Managing Director vun der Entreprise Raval.

Lauschterenplay_arrow