arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewerkschaften, Patronat an d'Regierung setzen nees zesummen um Dësch

Zweet "Sozialronn"

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Gewerkschaften, Patronat an d'Regierung setzen nees zesummen um Dësch

Gëtt et en Accord tëschent Gewerkschaften, Patronat a Regierung iwwer déi grouss aktuell Sträitpunkten an der Sozialpolitik? Am Statsministère ass zënter 14 Auer déi zweet grouss Verhandlungsronn tëschent de Sozialpartner. Datt et nach vill Diskussiounsbedarf gëtt war allen Acteure kloer.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© 	SIP / Claude Piscitelli
(Foto: SIP / Claude Piscitelli)

E Mëttwoch war eng éischt, 11 Stonne laang Reunioun, an där et kee groussen Accord gouf. Ee vun de grousse Punkte sinn der Regierung hir Pläng fir eng Pensiounsreform. Donieft gëtt ënner anerem och nach iwwer d’Themaen Ouvertureszäiten am Handel a Sonndesaarbecht diskutéiert.

Ier déi 3 Säiten an de Statsministère goungen, hu si gehofft, datt si haut um Méindeg viru kéimen. Mee et war ee sech och eens doriwwer, datt vill Sujeten um Ordre du jour stéingen an eventuell nach weider Entrevuen néideg wieren.

Kollektivverträg: Diskussioun ofgeschloss oder net?

Virun allem wann iwwer dat eenzegt konkret Resultat vun e Mëttwoch, d’Kollektivverträg, nach emol géif diskutéiert ginn. Fir de Michel Reckinger vun der Unioun vun den Entreprisë wier dee Sujet op alle Fall nach net zou.

"Ech hunn d’lescht Kéier gesot, dass mir e Package hei hunn. Dofir ass deen Deel vun de Kollektivverträg nach net ofgeschloss. Dofir musse mir och doriwwer nach weider diskutéieren."

Fir déi féierend Gewerkschaften aus dem Privatsecteur dogéint ass dee Punkt ofgeschloss, soudatt sech haut um Méindeg mat anere kéint befaasst ginn, zum Beispill mat de Pensiounen. Doriwwer wier mat de Gewerkschafte just zweemol geschwat ginn: Am Februar an am Oktober zejoert, huet de Patrick Dury vum LCGB bedauert.

Un hie war et och d'Fro, wéi Kompromësser kéinten erreecht ginn, wann d’Vuë vum Patronat a vun de Gewerkschaften diametral opposéiert schéngen?

"Majo, dat ass u sech d'Konscht vum Premierminister, fir dofir ze suergen, dass mir op e Kompromëss kommen, an deen ass haut gefuerdert."

Nora Back: Weider Reunioune si wuel néideg

An den Ae vum Nora Back vum OGBL wier haut ze vill um Programm, fir soen ze kënnen, et géif een den Owend fäerdeg ginn. Deemno wiere wuel nach weider Reuniounen néideg.

"Et sinn iwwer 20 Méint Konflikter weidergedriwwe ginn. Da muss ee sech och elo déi Zäit huelen, déi et brauch, fir se ze léisen. Et kann net iwwer de Knéi gebrach ginn."

De Romain Wolff vun der CGFP ass a puncto Pensiounsreform dorop gespaant, wat vu Säite vun der Regierung kënnt, a wéi d’UEL reagéiert.

"Ech ka mir zwar ganz schlecht virstellen, wann ee kuckt, ëm wat dass et wierklech hei geet, dass haut d'Detailer solle gekläert ginn. Ech sinn nach net sou ganz iwwerzeegt dovun, dass dat geet."

Dem Premier Luc Frieden no géif et vill Gespréichsbedarf ginn a misst d’Regierung Brécke bauen tëschent de Sozialpartner. Zur Fro, ob een haut duerch de Bësch kéim oder ob eng oder méi Ronnen nach néideg wieren, sot de Regierungschef: "Dat kann ech Iech net soen, dee Moment, wou mir ufänken. Mir wäerten dat seriö maachen, an da gesi mir um Enn vum Dag, wou mir stinn."

play_arrow Lauschteren