arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Congé collectif fänkt haut un

Bis de 17. August

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

De Congé collectif fänkt haut un

Vun haut Freideg bis de 17. August ass dëst Joer de Congé collectif fir Entreprisen am Bâtiment a Génie Civil. Et goufen och nees e puer Derogatiounen, wéi d'ITM, Inspection du Travail et des Mines mellt.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Rupert Oberhäuser / picture alliance
(Foto: Rupert Oberhäuser / picture alliance)

De Congé collectif huet ugefangen. Déi concernéiert Mataarbechter:innen aus dem Bau hu vun haut un dräi Woche fräi. 

Wéi ëmmer ginn et Derogatiounen, 195 goufen der bei der Inspection du travail et des mines ugefrot. 145 goufen der accordéiert an 12 refuséiert. Déi aner Ufroe falen net an den Zoustännegkeetsberäich vun der ITM an där Hisiicht, respektiv net ënner de Congé collectif obligatoire. Déi accordéiert Derogatioune betreffe gewësse Chantieren, notamment op Schoulen oder gréisseren Aarbechten op de Stroossen. Ronnn dausend Mataarbechter:inne si vun deenen Derogatioune concernéiert. 

Eng Rei u Schantercher wäerten also trotz dem Congé collectif nach lafen: Um Schantje beim Viadukt Mënsbech op der Autobunn Richtung Tréier wäert weidergeschafft ginn, esou Ponts et Chaussées an den ACL. Zil ass et bis d'Rentrée fäerdeg ze sinn.

E weidere Chantier op deem trotz Congé collectif geschafft gëtt, ass dee vun dësem Weekend. Vum 25. bis 28. Juli. Op der B7, dem Contournement vun Ettelbréck. Dës Strooss kritt en neien Tapis an ass komplett gespaart vu Freidegowend 8 Auer bis Méindegmoie 05 Auer, tëschent Angelduerf a Colmer-Bierg. D'Deviatioun wäert do duerch Ettelbréck goen.

Op e puer gréisseren Autobunnschantiere gëtt zwar wärend dem Congé collectif net geschafft, mee déi concernéiert Chantiere kënnen net fir 3 Wochen ofgerappt ginn. Dat betrëfft deen op der A3 zu Léiweng, der A4 zu Steebrécken an op der A6 tëschent Mamer an der Aire Capellen. Do leeft de Verkéier dann d'nämmlecht wéi virum Congé collectif.

D'ITM deelt nach an hirem Communiqué mat, datt och dëse Summer nees Kontrolle vun der ITM, der Douane an der Police wäerte gemaach ginn, fir ze kucken, ob de Congé collectif agehale gëtt.

play_arrow Lauschteren