D'Luxair wëllt d'nächst Joer an duerno eng ganz Partie weider Destinatiounen ufléien. Dat sot de Luxair-Generaldirekter Gilles Feith am 100,7-Interview. Den Ament flitt d'Luxair 94 Destinatiounen un. Wéi eng weider Destinatiounen derbäi kommen, huet de Gilles Feith net genee verroden. Edinburgh an eventuell Reykjavik wiere méiglech Destinatiounen, esou de CEO vun der nationaler Fluchgesellschaft am 100,7-Interview.
Déi lescht onofhängeg regional Airline
D'Luxair wier iwwerdeems ee Model vu Fluchgesellschaft, wéi et en hautzedaags bal néierens méi géif ginn, huet de Generaldirekter erkläert.
"Ech vergläichen et heiansdo mat dem klenge galleschen Duerf vum Asterix a vum Obelix. Mir sinn am Fong déi lescht regional Airline, déi komplett independent ass. Dat ass ganz, ganz schwiereg fir als regional Carrier nach ze bestoen, deen net enger grousser Airline ënnersteet."
Nom Rekord-Resultat vun zejoert wäert 2025 en negatiivt Resultat ginn. Dat, well d'Luxair d'nächst Joer nei Fligere kritt an d'Piloten dofir mussen ausgebilt ginn.
"Mir sinn an enger Preparatiounsphas. Mir preparéieren eis, fir kënnen 2026 véier nei Embraeren am Betrib ze huelen an zwou nei Boeingen. An dat ass natierlech ganz vill Training an dat kascht och relativ vill Geld, richteg vill Geld. An ech sinn och houfreg, datt mir säit 2023 och um Ufänke selwer hei aus der Groussregioun an och vu méi wäit Leit auszebilden. Dat heescht, dee Jonken, dee muss keng Moyenen hunn, fir vun eis eng Fligerausbildung bezuelt, an déi si ganz deier. Do schwätze mir vu 85.000 bis 90.000 Euro."
Duerno kann een dann iwwer sechs Joer 75 Prozent vun deem Montant zeréckbezuelen. Et kann een awer och iwwer een Zäitraum vun 10 Joer seng Ausbildung zeréckbezuelen.
De Gilles Feith huet iwwregens en Appell u Jonk Leit gemaach sech fir déi Plazen als Pilot ze mellen.