arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liicht méi Neiumeldunge wéi zejoert - Hybrid-Autoe bleiwe beléift

Mobilitéit

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Liicht méi Neiumeldunge wéi zejoert - Hybrid-Autoe bleiwe beléift

Am Verglach zu 2024 goufen an den éischte 7 Méint vun 2025 liicht méi Autoen ugemellt wéi d'lescht Joer. Mee Och wann et e liichte Plus gouf, waren et iwwer 6.000 manner nei ugemellten nei Autoe wéi an de siwen éischte Méint vum Rekordjoer 2019. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

An den éischte siwe Méint vun dësem Joer goufen hei am Land 1,4 Prozent méi nei Autoen ugemellt, wéi am selwechten Zäitraum 2024. Den Total fir déi éischt siwe Méint 2025 läit bei ronn 29.800 neie Ween, esou d’Zuele vun der “Société Nationale de Circulation Automobile” (SNCA) zu Sandweiler.

Och wann et e liichte Plus gouf, waren et iwwer 6.000 manner nei ugemellten nei Autoe wéi an de siwen éischte Méint vum Rekordjoer 2019.

Stabele Marché zënter der Covid-Kris

Et wäert een nach e puer Joer mussen dru schaffen, fir rëm op de Rekordniveau vun 2019 bei den nei ugemellten Neiween ze kommen. Domat rechent den operationellen Direkter vun der SNCA, de Manuel Ruggiu.

"Zënter der Covid-Kris si mir op engem stabele Marché vun den neien Autoen. Et fluktuéiert mol vun engem Joer zum aneren, par rapport zu Liwwerkettekrisen. Wat awer opfält ass, datt d’Occasiounen ëmmer méi Plaz huelen an den Umeldungen."

An den éischte siwe Méint vun dësem Joer ass d’Zuel vun den nei ugemellten Occasiounsautoen ëm 3,5 Prozent geklommen, op ronn 37.100. Bei den Umeldunge vun den neie Ween war et jo eng Progressioun vun 1,4 Prozent.

"Warscheinlech bei de Privatleit wäerte si éischter villäicht op eng Occasioun zeréckgräifen, bei elo op een neit Gefier, par rapport zur Konjunktur an de ganze Käschten, déi an d’Luucht gaange sinn am Privathaushalt."

De Manuel Ruggiu ass Direkter vun der SNCA. | © Serge Kesseler
De Manuel Ruggiu ass Direkter vun der SNCA. (Foto: Serge Kesseler)

Undeel vun E-Autoen ass liicht zeréck gaang

Bei der Analys, wéi déi nei ugemellten Autoen ugedriwwe ginn, fält op, datt et dëst Joer bis elo ee Gewënner gëtt, erkläert de Manuel Ruggiu vun der SNCA.

"Op Basis vun de siwen éischte Méint, déi déi am meeschte gewonnen hunn, sinn d'Hybrid-Autoen, déi net rechargeabel sinn, wou haaptsächlech Bensinner sinn."

Opfälleg ass awer och, datt bei den Neiumeldungen dëst Joer den Undeel vun den Elektroautoen zeréck gaangen ass.

"2025 waren et an deene siwen éischte Méint (...) 25 Prozent. An där Period 2024 waren et 27,4 Prozent."

Déi grouss Progressioun an de Jore virdru bei den Elektroautoe wier dëst Joer also e wéineg gebremst ginn, analyséiert den Directeur opérationnel vun der SNCA.

 

play_arrow Lauschteren