arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Alldag als regional Airline: D'Luxair weist sech kämpferesch

Aviatioun

|
headphones

7 min

Den Alldag als regional Airline: D'Luxair weist sech kämpferesch

Gläich zwee Dossieren, an deenen et direkt oder indirekt ëm Konkurrenz geet, beschäftegen aktuell déi national Fluchgesellschaft Luxair. A wann een dem Generaldirekter Gilles Feith nolauschtert, dann héiert een eraus, datt een et an Europa als regional Airline net esou einfach huet.

headphones

7 min

© picture alliance / NurPhoto | Joan Valls
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Joan Valls)

Vum nächste Joer u kritt d'Luxair Konkurrenz op enger Linn, déi se bis elo eleng zerwéiert huet: Déi skandinavesch SAS wäert nämlech dann all Dag zwee direkt Volle vu Kopenhagen op Lëtzebuerg - an natierlech och nees zeréck - ubidden. Dat maache se awer net selwer, mee duerch een ACMI-Carrier (Aircraft, Crew, Maintenance, and Insurance). Dat bedeit, datt eng aner Fluchgesellschaft am Optrag vu SAS flitt.

Et ass dem Luxair-Generaldirekter Gilles Feith no awer net déi éischte Kéier, datt SAS probéiert dës Streck an hire Programm opzehuelen.

"Mir wäerten dee Marché net esou einfach hierginn"

Elo kritt d'Luxair also Konkurrenz, dat konkreet a Form vun der irescher Fluchgesellschaft Cityjet, déi fir SAS vu Lëtzebuerg op Kopenhagen flitt. Eng Airline, bei där et an der Vergaangenheet och schonn zu finanzielle Schwieregkeete koum, mierkt de Gilles Feith un. Hien ass och zouversiichtlech, datt de Produit, deen d'Luxair ubitt, méi wéi konkurrenzfäeg ass.

“Ech sinn do immens confiant. Mir wäerten d'KCapacitéit och an d'Luucht setzen. A mir wäerten och kucken, datt mir zum Beispill eisem Client direkt Double Miles ginn. (...) A mir wäerten dee Marché net esou einfach hierginn.”

Den neien Embraer-E2-Jet, dee méi konkurrenzfäeg ass wéi de Bombardier-Fliger, dee Cityjet asetzt, soll dann och direkt op ënner anerem där Streck agesat ginn, betount de Gilles Feith.

De Luxair-CEO Gilles Feith. | © Jo Diseviscourt
De Luxair-CEO Gilles Feith. (Foto: Jo Diseviscourt)

D'Qualitéit vun der Luxair ze schätze wëssen

Et ass natierlech net déi éischte Kéier, datt Luxair op enger Linn Konkurrenz kritt: Portugal a London sinn aner prominent Beispiller. Mee d'Konkurrenz belieft d'Geschäft, seet de Gilles Feith.

“Zemools bei der SAS, wann d’SAS dat da géif selwer fléien, da si mir mat relativ comparabele Sozialmodeller, wou eise Modell och besser ass, géif ech nach soen. Mee natierlech, wann dat un iergendeng aner Airline ofgetruede gëtt, ass dat eng ganz aner Geschicht. Do si ganz aner Käschten am Spill.”

Op anere Linne wier een dacks a Konkurrenz mat Low-Cost-Airlinen. Dat wier awer keng "loyal Konkurrenz", well déi Konkurrenz e ganz anere Sozialmodell a Service huet.

“Vill vun eise Clientë wëssen dat an et ass net fir jiddwereen eng Konkurrenz. An ech si confiant, datt d'Lëtzebuerger Clienten an och d'Clienten aus der Groussregioun d'Qualitéit vun der Luxair ze schätze wëssen.”

E Fall vun italieeneschem Protektionismus?

D'Theema Konkurrenz beschäftegt d'Luxair indirekt schonn e puer Méint laang an engem aneren Dossier: Déi lëtzebuergesch Fluchgesellschaft huet d'EU-Kommissioun op dat europäescht Geriicht geholl. Dat huet domat ze dinn, datt d'Lufthansa 41 Prozent vum Kapital vun der ITA, där italieenescher Airline, iwwerholl huet.

Dat huet d'Kommissioun just ofgeseent, ënner der Konditioun, datt d'ITA géif e ganze Pak vu Start- a Landerechter zu Mailand-Linate - engem vun den zwee Flughäfen zu Mailand - ofginn. Esouwäit, esou gutt. Dat huet ITA och gemaach. Dräi Véierel vun deene Rechter sinn du un EasyJet gaangen. De Rescht nach un zwee aner Gruppen.

D'Luxair war och intresséiert, ass awer eidel ausgaangen. Dem Gilles Feith no e klore Fall vu Protektionismus.

© picture alliance / Daniel Kubirski | Daniel Kubirski
(Foto: picture alliance / Daniel Kubirski | Daniel Kubirski)

Den 30. November 2023 gouf de Merger, also d'Fusioun tëschent ITA a Lufthansa annoncéiert. Wat d'Neiverdeelung vun de Slotten ugeet, hätten dës zwee awer als éischt Mol ënnerenee verhandelt. D'Luxair hat sech zu deem Ament als "interested third party" gemellt. Ronn 14 Slotten d'Woch hätt een envisagéiert, seet de Gilles Feith. Jee een Hin- a Réckfluch pro Dag. Du sinn awer 204 vun deene Slotten un EasyJet gaangen.

“A wat ass du geschitt? Dat ass nach vill méi absurd: EasyJet flitt elo am Code share fir d'ITA déi Linnen op Lëtzebuerg. Mat net deem selwechte Service, dee mir kënne bidden hei zu Lëtzebuerg, mat net deem selwechte Sozialmodell. An nach vill méi schlëmm: D'Connectivitéit zu Linate ass ëm 25 Prozent erofgaangen, an de Präis ass ëm 25 Prozent eropgaangen.”

De Fändel vun de regionalen Airlinnen héichhalen

Do geséich een eng grouss Problematik vun der regionaler Aviatioun an Europa: National Carrier froe Slotten un, ginn awer eidel aus. De Gilles Feith nennt Rotterdam an Amsterdam als Beispiller.

“An dann natierlech, déi Airline wéi zum Beispill d'SAS, déi wëllen op Lëtzebuerg kommen, do ass dat meeschtens méiglech. An do ass déi Contrainte net do. An hei schwätze mir ganz kloer an Italie vu Protektionismus.”

EasyJet flitt also elo a Sous-traitance fir d'ITA d’Linn Lëtzebuerg-Mailand (Linate). Dat géing géint de Sënn vun enger europäescher Interventioun bei engem Merger goen, betount de Gilles Feith. "Do geet et drëm ze kucken, datt keng Distortioun vun der Konkurrenz kënnt. An dat ass hei effektiv geschitt."

Dës Entscheedung gouf duerno vun der EU-Kommissioun approuvéiert. Et wier och déi éischte Kéier gewiescht, datt d'EU-Kommissioun d'Airlines dëst ënner sech ausmaache gelooss huet, bemierkt de Luxair-Generaldirekter.

Grad Mailand-Linate ass bei Geschäftsleit immens beléift, well de Fluchhafen no um Finanzzentrum vu Mailand läit. Fir de Gilles Feith dofir e legitimme Grond,' eng Connectioun ze hunn. Zweemol d'Woch flitt d’Luxair och effektiv dohin. Dat och fir e Signal ze setzen, datt een et mat dëser Linn eescht mengt.

Wat d'Delaien ugeet, an deene mat enger Decisioun vum Europäesche Geriichtshaff ze rechnen ass, mécht de Gilles Feith sech iwwerdeems "keng Illusiounen". Dat kéint nach ganz laang daueren, esou de Generaldirekter. Mee et wéilt ee fir déi regional Airline riicht stoen, déi dacks ze kuerz kommen, wa sech déi grouss Gruppen zesummendinn, a sech "ënnereneen ausschwätzen", seet de Gilles Feith.