Vum 1. bis den 9. November ginn Aarbechten op der Linn 10 ausgeféiert, dat heescht Lëtzebuerg-Ettelbréck-Ëlwen-Gouvy. Do wäerte keng Zich tëschent der Stad an Ettelbréck, souwéi Ettelbréck an Dikrech fueren.
Weider Aarbechte ginn et op der Linn 60 an der Linn 90, spréch Lëtzebuerg-Esch-Rodange-Lonkech an och Lëtzebuerg-Diddenuewen-Metz.An op där Streck ass den Impakt tëschent der Stad a Beetebuerg am gréissten.
Tëschent Lëtzebuerg a Beetebuerg fueren nämlech guer keng Zich. Do huet d'CFL - wéi och op deenen anere Strecken, déi betraff sinn - e Schinnenersatzverkéier ageriicht. Fir d'Linne 60 an 90 fiert wärend der Rushhour all 5 Minutten e Bus.
Den TGV fiert awer weiderhi ganz regulär op Lëtzebuerg.
D'Schoulvakanze gi ganz bewosst cibléiert
Datt grad d'nächst Woch esou vill un den Zuchstrecke geschafft gëtt, ass keen Zoufall. D'CFL leet esou Chantiere meeschtens an d'Schoulvakanzen, well da manner Passagéier betraff sinn. Et gëtt awer nach en anere Grond fir d'Chantieren an de Vakanzen ze maachen, erkläert d'Alessandra Nonnweiler vun den CFL.
"Mir brauche jo e Schinnenersatzverkéier mat de Bussen. Dee kënne mir nëmmen da maachen, wa keng Schoule sinn, well soss sinn d'Bussen am Schoulbetrib. Dat heescht, mir mussen op d'Vakanzen zeréckgräifen, fir de Schinnenersatzverkéier mat Bus ze maachen."
No der Vakanz fueren d'Zich dann op dem Lëtzebuerger Reseau erëm ganz normal.
Fir d'Chrëschtvakanz gëtt et elo schonn eng gutt Nouvelle: Do huet d'CFL iwwerhaapt kee Chantier geplangt.