arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischten duebele Coradia-Zuch op der Streck Lëtzebuerg-Dikrech

CFL deelt mat

|
headphones

1 min

Éischten duebele Coradia-Zuch op der Streck Lëtzebuerg-Dikrech

Um Mëttwoch ass den éischten duebele Coradia-Zuch vun der CFL, mat 6 Waggonen op der Streck Lëtzebuerg Dikrech gefuer. Dat deelt d‘Eisebunn mat. Deen Zuch ass 164 Meter laang an huet 668 Sëtzplazen.

headphones

1 min

© cfl
(Foto: cfl)

Et zirkuléiere scho 14 där Coradia-Zich vun der neister Generatioun hei am Land, awer der eenzelner, mat 3 Waggonen an 334 Sëtzplazen. Bis Enn d‘nächst Joer sollen am Ganze 34 där Zich am Asaz sinn.

Si gi vun der Firma Alstom, bei Barcelona gebaut.

© cfl
(Foto: cfl)