arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Onzefridden TICE-Mataarbechter:innen: FGFC mécht Drock op d'Politik

Gemengepersonal-Gewerkschaft

|
headphones

1 min

Onzefridden TICE-Mataarbechter:innen: FGFC mécht Drock op d'Politik

D‘Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC setzt dem TICE-Büro een Ultimatum: Sollten déi politesch Responsabel bis dëse Freideg 10. Oktober net op d‘Ufro fir eng Reunioun reagéiert hunn, géif d‘FGFC am Dossier op d‘Conciliatioun goen. Dat geet aus engem Communiqué ervir.

headphones

1 min

Hannergrond si Problemer beim TICE: Enger Ëmfro ënner de Mataarbechter:inne vum Bus-Reseau vun de Südgemengen no, wiere 70 Prozent onzefridden. D’Personal kéim krank schaffen, Leit géife fortlafen an ëmmer méi Affäre kéimen op d’Geriicht.