arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Nuetsbus-Verbindungen Zürech-Basel-Lëtzebuerg-Bréissel-Rotterdam-Amsterdam

Mobilitéit

|
headphones

2 min

Nei Nuetsbus-Verbindungen Zürech-Basel-Lëtzebuerg-Bréissel-Rotterdam-Amsterdam

Vum 16. November u kann ee vun der Stad aus duerch d’Nuecht op Basel an Zürech, grad wéi op Rotterdam an Amsterdam fueren. Lëtzebuerg gëtt deemno eng Destinatioun an engem neien Netz vu Stied, déi vum nächste Mount u vun Nuetsbusser ugefuer ginn.

headphones

2 min

Bei der Presentatioun den 30. Oktober 2025 | © Moris Garzaro
Bei der Presentatioun den 30. Oktober 2025 (Foto: Moris Garzaro)

Déi Lëtzebuerger Busentreprise Emile Weber huet de Projet zesumme mat der schwäizer Startup-Entreprise “Twiliner” an d’Liewe geruff.

"Innovatioun an nohaltegt Reesen"

Nei ass dobäi, datt ee sech an de Busser, grad wéi op engem Business-Vol, ganz mat sengem Sëtz leeë kann. Dat mat engem extra entwéckelte Sëtz, an deem een am Leien duerch een extra Schlofsak gehale gëtt.

© Moris Garzaro
(Foto: Moris Garzaro)

Bei der Presentatioun vun den neie Busser um Donneschdeg war d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes (DP) op der Plaz.

Si huet ënnerstrach, datt dëse Projet technologesch Innovatioun mat nohaltege Reese verbanne géif.

“Dass dat heiten eng Aart a Weis ass, wou d'Innovatioun och zu Lëtzebuerg eebe gefërdert gëtt, wou mir als innovative Standuert awer och figuréieren, well dat heiten eppes Neies ass. Ech mengen, dat ass och e gudde Wee, dat ass gutt fir eis Ekonomie. Wann een dat kann zesummebréngen, wat gutt fir eis Ekonomie ass, mat deenen ekologeschen Aspekter, ass och gutt fir d'Natur.”

Déi nei Busser, an deenen 21 Passagéier mat reese kënnen, si vum 16. November un operationell. D’Offer soll komplementar zum Fliger an zum Zuch sinn, mat Ticketen, déi ëm déi 200 Euro solle kaschten.