D‘Installatioun vun engem Streckeradar a béid Richtunge kascht ronn eng hallef Millioun Euro.
Bei de Streckeradaren tëschent Gonnereng an dem Waldhaff koumen do nach eng Kéier 200.000 Euro Genie-Civil, bezéiungsweis Reseau-Käschten dobäi.
Entretien vum Radar-Reseau kascht 380.000 Euro
Bei de Streckeradaren an den Autobunnstunnelle wieren déi Käschte méi niddereg gewiescht, well do keng gréisser Aarbechten um Genie civil néideg gewiescht wieren an d'Reseaue gréisstendeels schonn op der Plaz gewiescht wieren, esou nach d‘Ministesch.
Den Entretien vu sämtleche Radaren hei am Land huet d‘lescht Joer da ronn 380.000 Euro kascht.