Dräi Secateure fir 8,79 Euro, ee Kanner-Sonnebrëll fir 4,97 Euro oder awer 20 Lastiker fir an d'Hoer fir grad emol 59 Cent: Alles mat gratis Liwwerung. D'Präisser op der chineesescher Online-Plattform Temu si kaum ze schloen.
A vum Succès vu Portaler wéi Temu oder awer och Shein kann déi europäesch Konkurrenz dacks just dreemen.
Véier Mol esou vill Päck wéi 2022
Zejoert hunn d'Konsumenten an Europa Bëlleg-Produiten, déi si online akaf hunn, am Wäert vu 4,6 Milliarden Euro aus Net-EU-Länner importéiert, esou gëschter um Mëttwoch de Vizepresident vun der Europäescher Kommissioun, de Maros Sefkovic.
"Dat ass zwee Mol esou vill wéi 2023 a véier Mol esou vill wéi 2022. Also graff gesot, all Joers eng Milliard méi Päck."
All Dag sinn et 12 Millioune Päck, déi an Europa ukommen. Dat sinn der ze vill, fir datt déi national Douanesautoritéiten nokéimen de Contenu ze kontrolléieren.
Dat wier awer néideg, well de concernéierten Autoritéiten no si 96 Prozent vun de Produiten net konform mat den europäesche Sécherheetsvirschrëften. Dat wier mat Risike verbonnen, erkläert de Michael McGrath, EU-Kommissär fir de Konsumenteschutz.
"Vun enger Suckel zum Beispill, déi net deene Standarden entsprécht, kënne sech ënner Ëmstänn Stécker léisen, wat dozou féiere kann, datt ee Kand drun erstéckt."
D'Europäesch Unioun kéint hei net nokucken. Net wat d'Risiken ugeet, mee och net en vue vun där onfairer Konkurrenz, déi dat fir europäesch Entreprisë bedeit.
Aktuell Limitt gëtt ausgenotzt
Den Ament notzen d'Plattformen eng europäesch Reegel aus: Déi nämlech, datt op Päck mat engem Contenu, dee manner wéi 150 Euro wäert ass, vun Douanestaxe befreit sinn.
Dacks géifen d'Liwwerunge kënschtlech op e puer Päck verdeelt ginn, fir ënner där Limitt ze bleiwen, esou de Maros Sefkovic.
D'Kommissioun proposéiert dowéinst déi Limitt opzehiewen. An zwar am Kader vun der Reform vun den Douanesreegelen, iwwer déi den Ament diskutéiert gëtt.
Propos steet ganz um Ufank
Zweet Propos: D'Plattforme solle selwer mussen iwwerpréiwen, ob dat, wat si online offréieren, an der EU legal ass oder net. An drëttens kéint op all importéiertem Pak eng Zort Tax fir administrativ Fraisen erhuewe ginn. Déi awer ass ëmstridden.
"Eis Propos ass bis elo just den Ufank vun engem Prozess", esou de Maros Sefkovic. Dowéinst géing een elo och net iwwer iergend ee Montant fir déi Tax schwätzen.
Gëschter um Mëttwoch haten och d'USA annoncéiert, datt d'Post bis op Weideres keng Päck aus China méi unhëlt. Datt elo zäitgläich d'EU aktiv wëll ginn, wier awer rengen Zoufall, preziséiert den EU-Kommissär.
"Mir hätten näischt dogéint, wa mir esou eng Koordinatioun mat eisen amerikanesche Partner hätten. Eis Approche ass eng aner. Eis Propos baséiert op eisen eegene Reegelen."
EU-Enquête iwwer Temu a Shein
Déi Reegele kéinten och nach aner Konsequenze fir déi chineesesch Plattformen hunn. Well Temu a Shein esou staark gewuess sinn, fale si elo ënner déi nei EU-Direktiv vun den Digital Services Act, an dat heescht och, datt dat wat verkaf gëtt, muss d’office konform mat EU-Virschrëfte sinn.
"Mir hunn eng Enquête lancéiert, a mir sinn amgaange Beweiser ze sammelen", preziséiert d'EU-Kommissärin Henna Virkkunen, déi fir déi Direktiv zoustänneg ass.
Et geet ëm illegal Produiten an ëm d'Manipulatioun vu Konsumenten a Konsumentinnen. Een Delai bis wéini do Resultater virleien, wollt d'Kommissärin gëschter net uginn.