Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vun haut un: D'Pecherten an der Stad Lëtzebuerg kréie méi Kompetenzen

Gemengebeamten

Vun haut un: D'Pecherten an der Stad Lëtzebuerg kréie méi Kompetenzen

Zënter Januar 2023 ass d’Gesetz a Kraaft dat den agents municipaux, de sougenannte Pecherten nei Kompetenze gëtt. Et geet dobäi an éischter Linn drëms, d’Sécherheetsgefill vun de Bierger ze verbesseren an d’Police z’entlaaschten. D’Ëmsetze vum Gesetz koum an den eenzele Gemengen nëmme lues virun, mee zënter haut gëlt d‘Reglement och an der Stad Lëtzebuerg.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

Eng 17 sougenannte sanctions administratives kënnen dës Gemengebeamte vun haut un ausspriechen. Dat geet vum Hondskaka um Trottoir, iwwer de Wues méien zu net autoriséierten Zäiten, bis zum Kaméidi duerch Musek oder Aarbechten.

Och Cafetieren a Restaurateure ginn am Ae behalen, hei mussen d’Terrasselimitatiounen agehale ginn. Ween a Zukunft en oppent Feier mécht, riskéiert och vun de Pecherte viséiert ze ginn. Dat selwecht gëllt fir Freedefeier am ëffentleche Raum.

Eng 80 agents municipaux kënnen agesat ginn

Am Kapitel 4 vum Stater Policereglement ass och festgehalen, datt d’agents municipaux beim Feststelle vun enger Contraventioun eng Strof vu 25 Euro kënnen ausspriechen. Déi muss un d'Gemengekeess iwwerwise ginn. Geschitt dat net bannent 15 Deeg, iwwerhëlt den Inneministere an da ginn tëscht 25 an 250 Euro fälleg.

Eng 80 agents municipaux vum Service Parc kënnen an der Stad agesat ginn, allerdéngs kënnen net all Beamte sämtlech Kontraventioune feststellen, sou d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer op enger Pressekonferenz am Februar. Zu Esch ass de Reglement iwwregens schonn zënter Mëtt Dezember vum leschte Joer a Kraaft. Gréisser Problemer goufen et do bis elo net.

Lauschterenplay_arrow