Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Auto koum aus Richtung Lëtzebuerg: Wëll Course-pursuite am Raum Saarbrécken

Chauffeur op der Flucht

Auto koum aus Richtung Lëtzebuerg: Wëll Course-pursuite am Raum Saarbrécken

Am Raum Saarbrécken gouf et haut um Donneschdeg eng Course-poursuite mat der Police: En Auto, dee vu Lëtzebuerg koum, an a Richtung Frankräich ënnerwee war, huet eng Grenzkontroll op der däitsch-franséischer Grenz mëssuecht an ass geflücht.

auto_stories

1 min

Fiat 500 | © Bundespolizeiinspektion Saarbrücken
Foto: Bundespolizeiinspektion Saarbrücken

Wéi d‘Police den Auto kuerz drop gestoppt huet, fir de Chauffer ze kontrolléieren, huet dee rëm op de Gas gedréckt. Dobäi hätt hien e Polizist gesträift, deen nach op d‘Säit konnt sprangen. No enger weiderer Course-poursuite ass den Auto mat portugisesche Placke schlussendlech an enger Heck an enger Mauer un d‘Hale komm.

De Chauffer ass awer dunn zu Fouss fortgelaf an ass nach ëmmer op der Flucht.

Déi zwee Passagéier soten, de Mann hätt si vum Findel ofgeholl an hätt si sollen a Frankräich féieren.