Parallel zum Réckgang vun E-Autoe wier den Undeel vun Hybrid-Modeller geklommen, dat op bal 31 Prozent. Op der éischter Plaz loungen Autoe mat Bensinn-Verbrennungsmotoren, déi 33 Prozent um europäesche Maart ausgemaach hunn.
Zum Réckgang vun den Elektroautoe preziséiert d’ACEA: Dat wier ënnerschiddlech jee no Land. An der Belsch, Groussbritannien, Dänemark an Holland zum Beispill wieren d‘Ventë vun E-Autoe weider geklommen. An Däitschland, deem gréissten europäescher Maart, wiere se par konter gefall, well do d‘Subventioune gestrach goufen.