Radioen

On air

Kultur um 5  |  Adult Leisure - Kiss Me Like You Miss Her

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eventuell Koalitioun mat deene Gréngen: Merz a Söder si sech net eens

Walkampf an Däitschland

Eventuell Koalitioun mat deene Gréngen: Merz a Söder si sech net eens

An Däitschland hunn den CDU-Chef Friedrich Merz an säin CSU-Amtskolleeg Markus Söder iwwer de Weekend zesumme Walkampf gemaach. Momentan gesäit et esou aus, wéi wann eng Regierung ouni d’Unioun no de Neiwalen am Februar net méiglech wier. Bei der Fro, ob een och mat den däitsche Grénge kéint koaléieren, si sech déi zwee Parteicheffen awer nach ëmmer net eens.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Friedrich Merz a Markus Söder | © picture alliance/dpa | Oliver Berg play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Oliver Berg

Zwou Wochen ass et hier, do war de Friedrich Merz a Bayern bei der CSU op Besuch. Elo war et dann um Markus Söder, déi Faveur zeréckzeginn. Am Sauerland, der Heemecht vum Uniouns-Kanzlerkandidat Merz, wollten déi zwee mächtegst Uniounspolitiker gëschter um Sonndeg hire Walkampf openeen ofstëmmen.

Ee vun de grousse Sträitpunkten tëscht CDU an CSU krute se awer weiderhin net geléist: Wärend de Markus Söder sech vehement géint e Schwaarz-Gréngt Bündnis wiert, wëll de Friedrich Merz sech all Optioun ophalen a schléisst eng Koalitioun mam B90/Die Grünen net aus.

Habeck een "agreabele Gespréichspartner"

Hie géif sech e Walresultat wënschen, bei deem d’Unioun just ee Koalitiounspartner bräicht, awer kéint aus zwee verschiddenen auswielen, sot de Friedrich Merz gëschter. Iwwer déi Gréng an hire Spëtzekandidat Robert Habeck sot hien, den aktuelle Wirtschaftsminister hätt zwar a sengem Amt eng schlecht Bilanz, wier awer een agreabele Gespréichspartner.

De Markus Söder par conter sot, hien hätt e grondsätzleche Problem mat deene Gréngen. Hie geheit der Partei e falsche Cours an der Wirtschafts- an an der Migratiounspolitik vir. Wann et iergendwéi méiglech wier, wéilt hien déi Gréng an der Oppositioun gesinn.

Lauschterenplay_arrow