/ "D'Mooss ass voll": De Friedrich Merz versprécht Ännerungen an der Migratiounspolitik
No der Messerattack zu Aschaffenburg
"D'Mooss ass voll": De Friedrich Merz versprécht Ännerungen an der Migratiounspolitik
No der déidlecher Attack zu Aschaffenburg fuerdert den CDU-Chef a Bundeskanzlerkandidat Friedrich Merz elo fundamental Ännerungen an der däitscher Migratiounspolitik. Wann hie géif Bundeskanzler ginn, da géif hien dauerhaft Grenzkontrollen aféieren an all Leit, déi illegal an d‘Land wéilten areesen, zeréckweisen. Dat géif och fir Asyldemandeure gëllen.
Foto: picture alliance / Chris Emil Janßen | Chris Emil Janssen
Den CDU-Politiker fuerdert och massiv Expulsioune vu Persounen, déi keng Openthaltsgeneemegung kritt hunn.
D‘Mooss wier elo definitiv voll, sot de Friedrich Merz zu Berlin. Sou Attacke wéi déi vun Aschaffenburg, a virdru vu Mannheim, Solingen a Magdeburg, dierften net déi nei Normalitéit ginn, sou de Friedrich Merz.
Bei der Attack gëschter um Mëttwoch hat en Afghan zwee Leit erstach. Den 28 Joer ale presuméierten Täter war en deboutéierten Asyldemandeur.