D'Koalitiounsverhandlunge gestalte sech schwiereg. Déi Gréng wëllen de milliardeschwéiere Finanzpak net mat stëmmen. Dat huet d'Fraktiounsspëtzt vun de Gréngen hiren Deputéierten um Méindeg recommandéiert.
CDU, CSU an SPD haten an hire Sondéierungen decidéiert, d'Scholdebrems méi labber ze maache fir méi kënnen an d‘Verdeedegung an an Infrastrukturen ze stiechen. An deem Finanzpak si 500 Milliarden Euro virgesinn.
D'Parteicheffin vun deene Gréngen, d'Franziska Brantner sot, déi Gréng stéingen net zur Verfügung, fir Walkaddoe vun Unioun an SPD ze finanzéieren. Si wéilte méi eng nohalteg Reform vun der Scholdebrems. Déi Gréng hate bis elo nach oppe gelooss, ob si géife matstëmmen.
Dee Votte sollt en Donneschdeg duerch de Plenum goen an d'nächst Woch dann am ale Bundestag decidéiert ginn.