arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deklaratioun vum Premier um 11:00 Auer

Regierungsëmbildung

|
headphones

1 min

Deklaratioun vum Premier um 11:00 Auer

De Premier Luc Frieden (CSV) mécht um 11 Auer de Moien eng “Déclaration à la presse” am Staatsministère.

headphones

1 min

De Premier Luc Frieden wärend senger Annonce zur Regierungsëmbildung | © Carole Schimmer
De Premier Luc Frieden wärend senger Annonce zur Regierungsëmbildung (Foto: Carole Schimmer)

Wourëm et an dëser Deklaratioun geet, huet de Staatsministère a senger kuerzfristeger Invitatioun net matgedeelt.

Eisen Informatiounen no wäert de Luc Frieden ee Regierungs-Remaniement annoncéieren.

Georges Mischo ënner Drock

De Sports- an Aarbechtsminister Georges Mischo stoung rezent ënner Drock wéinst dem Projet vun engem Sportsmusée op der Rouder Lëns zu Esch-Uelzecht. De leschte Freideg hat de Georges Mischo de Projet zréck gezunn. Am Raum steet ënnert anerem de Verdacht, datt déi néideg Ausschreiwungen net gemaach goufen.