arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sam Tanson: "Sozialdialog ass an hausgemaachter Kris"

déi gréng

|
headphones

1 min

Sam Tanson: "Sozialdialog ass an hausgemaachter Kris"

Déi politesch Sensibilitéit vun deene Gréngen huet um Mëttwoch hire parlamentaresche Bilan presentéiert. Dobäi huet d’Deputéiert a Presidentin vun der Sensibilitéit Sam Tanson kritiséiert, datt de Sozialdialog hei am Land aktuell an enger hausgemaachter Kris wier.

headphones

1 min

Joëlle Welfring, Serge Faber (Trésorier déi gréng), Sam Tanson, Meris Sehovic, François Benoy (Co-President déi gréng), Djuna Bernard (v.l.n.r.) | © Sensibilité politique déi gréng
Joëlle Welfring, Serge Faber (Trésorier déi gréng), Sam Tanson, Meris Sehovic, François Benoy (Co-President déi gréng), Djuna Bernard (v.l.n.r.) (Foto: Sensibilité politique déi gréng)

D’Chamber géif net an d’Debatte ronderëm de Sozialdialog mat agebonne ginn, an d’Oppositioun géif net méi als ee wichtegt Element vum demokratesche Fonctionnement wouer geholl ginn, huet d’Sam Tanson um parlamentaresche Bilan virun der Press bedauert.

"Spaltung vun der Gesellschaft"

Déi gréng hätten net den Androck, datt de Premier Luc Frieden (CSV) no der Manifestatioun den 28. Juni Verständnis gewisen hätt.

Vill aktuell Konflikter, wéi zum Beispill d’Pensiounsreform, wieren op eng Spaltung vun der Gesellschaft zeréckzeféieren, déi d’CSV-DP-Regierung bewosst géif bedreiwen, esou nach d’Sam Tanson.

"A ville Gebidder gëtt ausgespillt deen ee géint deen aneren. Elo bei de Pensiounen Al géint d'Jonk, bei dem Wirtschaftsniveau de Wirtschaftswuesstem versus d'Aarbechtsrechter am Klima- an Ëmweltberäich, Klima- an Ëmweltpolitik versus Wunnengsbau. An et ass och eppes, wat an eisen Ae wierklech dozou féiert, dass mir Schwieregkeeten hunn, d'Leit beieneen ze kréien."

play_arrow Lauschteren