Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verschidde Fraktioune wëlle weider iwwer een Deontologiekodex fir Deputéiert schwätzen

Verhalensreegele fir Politiker

Verschidde Fraktioune wëlle weider iwwer een Deontologiekodex fir Deputéiert schwätzen

Et sollt weider iwwer een Deontologie-Kodex fir d’Deputéiert diskutéiert ginn, och wann et net evident wier sou ee Reegelwierk ëmzesetzen. Där Meenung sinn Vertrieder vun enger Rei Fraktiounen a Sensibilitéiten an der Chamber.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Nom ADR-Deputéierten Tom Weidig sengem ëmstriddene Facebook-Like hat de Chamberpresident Claude Wiseler zouginn (Link), datt d’Auschaffe vun deem geplangten Deontologiekodex op Äis louch. Elo soll awer esou eng Diskussioun kommen, sou de Claude Wiseler.

Virun engem Joer huet een an der Chamber ugefaange sech mat engem méiglechen Deontologieskodex ze befaassen. Och deemools scho war den Tom Weidig den Ausléiser. Hien hat dem Karikaturist Carlo Schneider ëffentlech gedreet. De Claude Wiseler sot dës Woch am 100,7 Interview, datt et sou e Kodex schonn a verschiddene Länner gëtt, et misst een awer kucke wéi ee soueppes géif opsetzen a wéi Sanktioune géifen ausgesinn.

Politiker hätten eng Virreiderroll

Nom rezente Like vum Tom Weidig ënnert engem queerfeindleche Kommentar op Facebook läit d’Fro vum Deontologies-Kodex elo nees um Dësch. An et sollt och weider driwwer nogeduecht ginn, fënnt déi gréng Fraktiounspresidentin Sam Tanson.

"Mir sinn der Meenung, datt mer, au vu vun all deenen Diskussiounen, déi mer haten, au vu vun dem Vertrauensmangel, deen existéiert oder riskéiert ze existéiere vun de Leit an d'Politik, dass mer wierklech eng Virreiderfonctioun ze spillen hunn als Politiker, dass mer eis mussen uerdentlech behuelen."

Dem Sven Clement vun de Pirate seng Positioun zu engem Deontologie-Kodex fält méi däitlech aus, hie fuerdert, datt ee Reegelwierk muss kommen.

"Grondsätzlech misste mer e richtegen Deontologieskodex mat all den néidegen Dispositiounen opsetzen."

D'Europaparlament kéint eng Inspiratioun sinn

Eng aner Fro déi sech stellt, ass déi vun de Sanktiounen. Sanktiounen am Kader vun engem Deontologieskodex betreffen dann Aktiounen, déi net am Kader vun der Chamber, mee méiglecherweis och am Private getätegt goufen. De Gilles Baum vun der DP hëlt sech dobäi e Virbild um europäesche Parlament.

"… do kënne Sanktiounen ausgeschwat ginn, do kann ee fir eng Rei Wochen aus dem Europaparlament ausgeschloss sinn. Dat kéint eng Sanktioun sinn."

Ofhale der Deputéieren-Indemnitéit oder zäitweisen Ausschloss vu Sitzungen denkbar

D’Taina Bofferding vun der LSAP gesäit dat ganzt änlech. Eng konkret Sanktioun kéint sinn, datt ee vläicht een Deel vu senger Indemnitéit net méi kritt, oder datt een eng gewëssen Zäit vu Plenarsëtzungen ausgeschloss gëtt.

Wéini d’Diskussiounen iwwer een Deontologie-Kodex weiderginn ass net kloer.

Lauschterenplay_arrow