Den CSV-Parteipresident Luc Frieden hat gëschter bei RTL däitlech gemaach, datt den Avortement keen absolut Recht sollt sinn, mee eng Fräiheet, déi u Konditioune gebonne wier. D'CSV géif sech awer prinzipiell an d'Richtung vun enger Verfassungsännerung beweegen.
Dat misst natierlech elo an den CSV-Gremien diskutéiert ginn, esou de Laurent Zeimet. Et wier kee Geheimnis, datt et verschidde Meenungen dozou ginn. Et géif sech awer ënner anerem och d’Fro stellen, ob d’Verfassung vun 2023 elo schonn erëm soll geännert ginn, esou de President vun der Chamber-Institutiounekommissioun Laurent Zeimet.