arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Aktuell Onsécherheet grouss Belaaschtung fir Memberen a Mataarbechter"

Piratepartei - MALT-Affär

|
headphones

2 min

"Aktuell Onsécherheet grouss Belaaschtung fir Memberen a Mataarbechter"

D’Parteileedung vun der Piratepartei hofft op eng séier juristesch Klärung an op d’Kooperatioun vun alle beschëllegte Persounen am Dossier MALT. D’Partei preziséiert, datt de 24. Abrëll ronn 23.800 Euro vun de Parteikonte beschlagnaamt goufen.

headphones

2 min

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

RTL hat den 23. Mee gemellt, datt bei der Piratepartei tëschent 20.000 a 25.000 Euro beschlagnaamt gi waren.

D'Parteileedung wier am Kader vun der Enquête vum Europäesch Parquet zum Projet MALT um Dënschdeg zesumme komm, heescht et um Mëttwoch an engem Communiqué vun der Piratepartei.

“D’Piratepartei Lëtzebuerg confirméiert, dass duerch e riichterleche Beschloss am Kader vun der Enquête vum Europäesche Parquet (EPPO) de 24. Abrëll 2025 insgesamt 23.801,72 EUR vun eise Parteikontoen beschlagnaamt goufen.”

D’Piratepartei géif mat den Autoritéite kooperéieren, heescht et weider.

An dëser Affär geet et ëm d’Entwécklung vun der Sproochenapp MALT. Ugeklot sinn den Deputéierte Sven Clement a seng Entreprise “Clement & Weyer”, grad wéi d’Piratepartei an hire fréieren Tresorier.

"Beschëllegt Persoune solle finanzielle Schued iwwerhuelen"

D’Parteileedung géif op eng séier juristesch Klärung a si géif op eng “Kooperatioun vun alle beschëllegte Persounen am Dossier MALT” zielen, schreift d’Partei an hirem Communiqué.

“Dës solle bereet sinn, hir Verantwortung ze iwwerhuelen an déi entstane finanziell Schied vun der Partei ze iwwerhuelen. D’aktuell Onsécherheet stellt eng grouss Belaaschtung fir d’Memberen an d’Mataarbechter:innen vun der Partei duer. D’Parteileedung setzt op komplett Transparenz an Éierlechkeet (...).”

Trotz dëser Situatioun géif d’Partei handlungsfäeg bleiwen, gëtt um Mëttwoch confirméiert.

Preziséiert gëtt, datt d’Piratepartei an “all inculpéiert Acteure" vu getrennten Affekoten an dëser Enquête vertruede ginn.

“D’Parteileedung preziséiert, dass de Sven Clement an der MALT-Affär net am Numm vun der Partei schwätzt.”

Am 100,7-Interview hat de Sven Clement sech d’lescht Woch erstaunt iwwer de saiséierte Montant gewisen.

Wéinst der MALT-Affär an hire Konsequenzen haten eng Rei gewielte Vertrieder d’Piratepartei verlooss, dorënner den Deputéierte Ben Polidori.