arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Immobilienaffär Theema a Gemengerotssitzung

Gemengerot Déifferdeng

|
headphones

4 min

headphones

2 min

play_arrow

Nei Immobilienaffär Theema a Gemengerotssitzung

Den LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch ass um Mëttwoch de Moien am Déifferdenger Gemengerot op d’Justizenquête wéinst enger neier Immobilienaffär zu Déifferdeng agaangen.

headphones

4 min

headphones

2 min

play_arrow
© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Am Déifferdenger Gemengerot war d’Justizenquête wéinst enger neier Immobilienaffär ee Sujet. De Parquet hat jo um Dënschdeg matgedeelt, datt eng Instruktioun opgemaach gouf wéinst dem presuméierte frauduléise Verkaf vun engem Gemengenterrain un eng Immobiliëgesellschaft.

De Buergermeeschter Guy Altmeisch (LSAP) hat eis doropshi confirméiert, datt hie wéinst dem Verdacht vu Korruptioun an Trafic d'influence inculpéiert gouf. Op der Gemeng a bei him doheem war et zu Perquisitioune komm, genee wéi bei enger Firma vum Promoteur Fabrizio Bei a bei engem Notär.

Detailer zu de Perquisitiounen

Dem Guy Altmeisch no goufe bei de Perquisitiounen, déi hie betraff hunn, virun allem Kopië vun Informatikmaterial gemaach, wéi hien um Mëttwoch am Gemengerot preziséiert huet.

Déi Perquisitioune wieren d’Suite vun enger Enquête vun der Inspection générale des finances (IGF) am Zesummenhank mam Kaf vun engem Projet vun 79 Studentewunnengen. Dee Kaf wier am November 2024 am Gemengerot presentéiert, aktéiert a guttgeheescht ginn, huet de Buergermeeschter erkläert.

Viru 14 Joer hätt d’Gemeng Déifferdeng engem Promoteur den ale Maxim’s, eng Proprietéit vun der Gemeng, verkaaft. Am Géigenzuch sollt d’Gemeng dräi Appartementer kréien, mee 14 Joer laang wier näischt geschitt, esou de Guy Altmeisch.

"Dee Schandfleck, wat ee wierklech kann als Schandfleck bezeechnen, no 14 Joer war deen nach am Ist-Zoustand, sou wéi de Promoteur dat kaf huet, déi Zäit, an och versprach hat, do een Hotel opzeriichten. Et ass awer näischt komm."

No 14 Joer wär d’Firma vum initiale Promoteur du vum Fabrizio Bei opkaf ginn. Deen hätt den neie Projet presentéiert, deen am November 2024 duerch de Gemengerot gaange war.

“De Präis, dee mir bezuelt hunn, dee jo ëmmer erëm analyséiert a kritiséiert gëtt, dat war de Präis, deen a Relatioun war mam Kaf vun der Firma, deen a Relatioun war mam Projet, mat de Pläng a mat der Plus-value, déi 14 Joer al war.”

D’Akten dozou géifen elo analyséiert ginn, fir Kloerheet an den Dossier ze bréngen, esou de Guy Altmeisch. De Buergermeeschter huet och gesot, datt eng Perquisitioun net flott wier.

“...wann et um hallwer 7 moies schellt, an et ass net e Fournisseur oder een, deen Der eng Enveloppe bréngt, mee et ass een, deen erakënnt, fir an dengem private Beräich ze raumen a fir do Kopien ze maachen.”

Hien hätt awer e fräit Gewëssen, sech näischt virzewerfen a géif hoffen, datt seng Onschold bewise gëtt, huet de Guy Altmeisch widderholl.

Demissioun am FC Déifferdeng 03

Den LSAP-Politiker huet nach betount, datt - wat seng Proximitéit zum Promoteur Fabrizio Bei ugeet - hien am Déifferdenger Fussballclub demissionéiert hätt. De Promoteur ass President vum Club.

Donieft hätt hien, Guy Altmeisch, Parte vun enger Firma, déi hien zesumme mam Fabrizio Bei hat, u säi Bouf ofgetrueden, fir net beaflossbar ze sinn.

"Keen Afloss op de Schantje vum Immobiliëprojet zu Uewerkuer"

De Guy Altmeisch mengt net, datt d’Justizenquête wéinst där neier Immobilienaffär zu Déifferdeng en Afloss kritt op de Schantje vum viséierten Immobiliëprojet bei der Schwemm zu Uewerkuer. Dat sot den Déifferdenger LSAP-Buergermeeschter um Enn vun der Gemengerotssitzung.

Den Notär, bei deem et eng Perquisitioun gouf, an deen de Verkafsakt opgesat hat, wier sengerzäit vum Fabrizio Bei erausgesicht ginn, huet de Guy Altmeisch op eng Fro vum Gemengeconseiller Gary Diederich vun déi Lénk geäntwert.

Fabrizio Bei weist Virwërf vu sech

Nom Déifferdenger LSAP-Buergermeeschter Guy Altmeisch weist och de Promoteur Fabrizio Bei all Virwërf an der neier Immobilienaffär zu Déifferéng vu sech: Hie schwätzt géintiwwer dem Lëtzebuerger Wort vu "Calomnie" a bezeechent seng Situatioun als "kollateralschued" an engem politesche "règlement de comptes". Hie géif awer vertrauen, datt d‘Justiz hir Aarbecht korrekt maache géif, esou nach de Frabrizio Bei. 

play_arrow Lauschteren